
© Patayo Éditions
Et huet 35 Joer gedauert, mä elo ass déi éischt Aventure vum Superjhemp och op franséisch erauskomm. "Superjhemp contre l'exploseur" heescht deen Album, deen elo, just mat Zäite fir d'Walfer Bicherdeeg, an d'Butteker komm ass.
De Superjhemp géint de Bommeleeër war eng wichteg Etapp an der Geschicht vun der Lëtzebuerger BD. De Succès vum éischte Lëtzebuerger Superheld huet villen aneren Auteuren d'Dieren opgemaach. Mä iwwert d'Grenzen eraus konnt dee Succès ni widderholl ginn. Wat och doru louch, datt den Zeechner Roger Leiner ëmmer gesot huet, et géif kee Sënn maachen de Superjhemp ze iwwersetzen, well scho 5 km hannert der Grenz kee méi d'Uspillunge géif verstoen.
Patayo Editions vun Nantes ass dunn awer un den Zeenarist Lucien Czuga erugetrueden, fir et awer mol ze probéieren. An um Festival SoBD ass Lëtzebuerg dëst Joer Gaaschtland, vum 29. November bis den 1. Dezember ginn do Tables Rondes ronderëm d'Bande Dessinée zu Lëtzebuerg organiséiert, a Lëtzebuerger Auteuren kënnen hir Bicher do virstellen. An deem Kontext huet de Lucien Czuga et dunn eng spannend Erausfuerderung fonnt, fir et ze probéieren, de Superjhemp op franséisch ze iwwersetzen.
Eigentlech ass déi franséisch Iwwersetzung vum Superjhemp scho längst iwwerfälleg. Well och wann an där Bande Dessinée typesch Lëtzebuerger Eegeschaften a Situatiounen op d'Schëpp geholl ginn, gëtt et vill franséischsproocheg Lieser zu Lëtzebuerg, déi dee Phänomen bis elo verpasst hunn. Si sinn een Deel vun der Zilgrupp vun dësem neien Album, nieft de Lëtzebuerger Fans, déi d'Serie sammelen a méiglech nei Lieser a Frankräich, der Belsch an der Schwäiz, wou d'Buch och erauskënnt.
Well de Superjhemp awer esou typesch Lëtzebuergesch ass, kann een och beim beschte Wëllen net alles Iwwersetzen. D'Bild mam Dicks an der Trap vum Haus an deem de Charel Kuddel lieft ass net ze iwwersetzen, grad esou wéineg wéi d'Kanounen um Hiwwel bei der Entrée vum Helleg-Geescht Tunnel. Et ginn awer och Wuertspiller déi ugepasst goufen. Wärend dem Charel Kuddel säi Chef am Ministère vun den ongeléiste Fäll op Lëtzebuergesch K.Loor-Rosen heescht, gëtt deen Numm op franséisch mat Guy Ché-Ellu iwwersat.Poznennö bleift awer och am franséischen Poznennö, a gouf net mat Nongoilaepuos iwwersat...
Fir déi Elementer déi net konnten iwwersat ginn dann awer de franséischsproochege Lieser zougänglech ze maachen, ginn se entweder direkt ënnert dem Bild kuerz erkläert, oder um Enn vum Album an engem Lexikon e bësschen méi ausféierlech. Esou datt och déi frankophon Lieser de Poznennö um Enn verstinn.
Vir Lieser déi dem Superjhemp seng Aventuren auswenneg kennen, gëtt et eng Partie nei Iddien, déi dem Humor vum Original gerecht ginn. An engem Virwuert erkläert de Lucien Czuga nach eemol, wéi dës Iwwersetzung entstanen ass, an hannert der BD gëtt et nach zwee Artikelen, déi sech mam Phänomen Superjhemp a mat europäesche Parodien op déi amerikanesch Superhelde beschäftegen. Och als agefleeschte Fan kann een do nach vill léieren.
Et si just 1000 Exemplaire vun deem Album gedréckt ginn, dovun huet den Editeur Patayo Editions der 250 fir de BD Salon zu Paräis reservéiert. De Rescht gëtt elo scho fir 24 Euro an de Librairie verkaf.
E Samschdeg an e Sonndeg signéiert de Lucien Czuga d'Buch och op de Walfer Bicherdeeg, Moies um Stand vun de Frënn vun der néngter Konscht an Nomëttes um Stand vum Ernster. An Enn November gëtt d'Buch dann um SoBD zu Paräis offiziell dem franséische Publikum virgestallt.