
Et gëtt kee gescheit Buch wou all Eventualitéiten dran sti wéi en Déier reagéiere kann, do kënnt et och vill op d'Erfarung un. Festzestelle wat engem Béischt feelt, ass eng Saach, et ze behandelen an virauszesoe wéi de Fall ausgeet, eng aner. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet et haut mat engem net alldeegleche Fall ze dinn.
De verréckt wibbelege Flatcoated-Retriever Pedro war - ënnert anerem fir hien e bësse méi roueg ze kréien - kastréiert ginn. A well hien op enger Säit kryptorchid war: ee vu sengen Hochzäits-Bijouen louch net wou e sollt, mee an der Géigend vu senger rietser Nier, déif ënnen am Bauch, gouf bei derselwechter Geleeënheet och dee verstoppten Hoden ewechoperéiert. No däer dach awer zimmlech grousser Operatioun, krut de jonke Ritt ee spezielle Laifchen un, fir d´chirurgesch Wonnen ze schounen un deenen hie schonn an der Praxis, dees hien d´Aen erëm ophat geschlabbert a geknätscht hat. Fir nuets oder wa seng Leit fort wieren, huet hien och nach eng Halskraus matkritt. A fir nach méi sécher ze sinn, krute seng Leit mat Pëlle géint de Wéi an Antibiotikken fir hien nuets roueg ze halen, och nach Calmanten mat.
Dat ware jo awer dunn direkt e puer Sécherheetsnetzer, do konnt dann awer näischt méi schif goen?
Wéi de Pedro fir de postoperative Check an der Salle d´attente souz, ass d´Assistentin erféiert: den postOP-Tshirt war bis iwwert d´ Schëlleren zeréck gestrëppt, keng Spuer vun enger Halskraus an hien huet wéi ënner Stroum an engem Stéck gewibbelt an u sengem Bauch geleckt. Mat deem Läifchen wier een doheem net „richteg eens ginn“, a mat deem Collier, mat deem hien engem un d´Been gestouss huet, schonn guer net. A wéi de Pedro nom éischte Calmant richteg midd gi war, huet hien hinne Leed gedoe a si hunn him guer keng Pëlle méi ginn. Dem jonke Ritt säin Hodesäckelchen war op d´Gréisst vun enger Hunnegmeloun geschwollen an huet ënner Anästhesie punktéiert misse ginn. Fir all weidere Risiko aus de Féiss ze goen, gouf de Pedro dunn do behal bis d´Situatioun esou stabil war, dass hien näischt méi konnt zu Onwee maachen.