
© Patrick Greis
Vill Musek gouf et gëschter am LIVE! planet people. Beim Dan Spogen waren de Jhemp Bertemes vun enger ganz bekannter Coverband, den Dominik Wagner vum Duo Ass-Dur, d'Pianistin Albena Petrovic an Zirkusloft gouf et mam Bianca Renz.

De Jhemp Bertemes ass Grënnungsmember vun de 'Providers' déi haut am Atelier op 25 Joer Bandgeschicht zréckkucken


den Dominik Wagner kënnt den 30ten November mat sengem Brudder Florian fir d'Ass-Dur-Weihnachsshow an de Mierscher Theater


d'Bianca Renz ass d'Directrice vum Zirkus Renz, deen nächste WE op en internationale Circusfestival invitéiert


an d'Albena Petrovic spillt haut um 16h30 mat 11 anere Pianisten um Concert '24 hands' an der Philharmonie