Viru 40 Joer huet den ale Prisong am Grond seng Dieren zougemaach. An deem Kader sicht Neimënster elo Zeie vun där Zäit wou hei nach Prisonéier ënnerbruecht waren.

21/11/2024 Ale Prisong am Grond

An dat queesch duerch de Gaart. Ainhoa Achutegui, Directrice vum Neimënster:
"Et kënnen allerlee Temoignage si vu bis, dat heescht och vu Leit déi hei gewunnt hunn am Gronn, vu Leit déi hei geschafft hunn, vu Leit déi iergendwéi eng Bezéiung haten oder och natierlech Detenuen déi vläicht 2-3 Méint hei waren an déi eppes ze erzielen hunn oder jiddereen deen iergendwéi eng Relatioun mam Prisong haten. Zum Beispill och Zeien déi heihinner komm si fir auszesoen, déi eppes erlieft hunn an déi wierklech eng Bezéiung hunn zu der Plaz."

D'Iddi hannert dësen Temoignagen ass et iwwernächst Joer e klenge Musée am Neimënster opzemaache wou d'Geschicht vun där Plaz erzielt gëtt. An dat well een haut nach d'Méiglechkeet huet Zäitzeie vun deemools kënnen zu Wuert kommen ze loossen. E mini Musée deen deemno net just op geschriwwen Dokumenter opgebaut ass. Donieft soll en awer en Abléck an de Quartier gi wéi en deemools war.

"Et ass net de Quartier vun haut wou eng Wunneng eng Millioun Euro kascht. Et war e Quartier dee ganz elle war, et war de "fin fond" vun der Stad Lëtzebuerg. An esou eppes ze erzielen dat ass interessant fir déi zukünfteg Generatiounen fir sech virun Aen ze bréngen, dass et wierklech e Quartier war wou déi Leit gewunnt hunn déi net sou vill Suen haten an déi kleng Jobs haten. Also wierklech déi echt Leit."

Wann och Dir an iergend enger Hisiicht méi oder manner a Kontakt mam Prisong waart oder vläicht am Quartier gewunnt hutt an eppes ze erzielen huet aus der Zäit vum ale Prisong, da mellt Iech telefonesch oder iwwert Mail op contact@neimenster.lu.

Den 10. Januar gëtt dann iwwregens och eng Informatiounsversammlung zum Thema organiséiert. Weider Informatioune ginn et op

.