
Haut de Moien muss een frou sinn dass de Gerochsradio nach net erfonnt ass. D'RTL Déierendoktesch gräift nämlech e Sujet op deen net ganz appetitlech ass an awer derwäert ass dass een doriwwer schwätzt, zemol well en Déiereliewen rette kann, Romi Roth.
D´Lola, eng butzeg Chihuahua-Mudder ass iwwert dem Goen hannen ëmgefall, esou uerg hat et d´Doftdrüsen verstoppt an entzünt. Et geet ëm eng Zort Säckelcher, déi lénks a riets op 5 nieft dem Daarmausgank leien. Oft sinn se zum baschte voll mat engem méi oder manner flëssegem Sekret, dat fir Mënschen en e Gallem ofgëtt, wéinst deem déi Organer, mat deenen d´Honn hier Kéipercher fir a géint aner Muppen markéieren, carrement Sténkdrüsen genannt ginn. Wann déi Sténkdrüse krank sinn, reiwe Muppen, déi nët esou déck sinn an dowéinst de Réck nët esou wéi hunn wéi d´Lola, sech, mam Hënneschten iwwert de Buedem. Dat gesäit dann aus wéi wann den Honnspatient Schlitt fuere géif.
Festhale kann een als Fauschtreegel. Honn déi Schlitt fueren, maachen dat ëmmer wéinst hiren Doftdrüsen. Bei Kazen ass et bal ouni Ausnam wéinst Wierm.
Well aus chronesch entzünten Sténkdrüsen-Tissu, e ganz uerge Kriibs ginn kann, hu mir proposéiert, dem Lola seng Drüsen chirurgesch fortzehuelen. Dem Mippchen seng Meeschtesch wollt et fir d´éischt mat enger alternativer Therapie probéieren. Déi Zäit krut d´Lola ganz laang gezunnene Kamillentéi ënnert d´Fudder an och e puermol des Daags Silicea, en homööopathescht Mëttel aus Sandmineral. Bei der Kontroll no engem Mount ware mir ganz paff: vu Chirurgie goung guer keng Ried méi. Dem Lola seng Doftdrüsen waren erëm ganz an der Rei an och säin Hannerlaf huet nees funktionéiert wéi viru sengem Sténksäckelchers-Gedeessems.