
© Rocas
Dëse Samschden, 23. November, feiert de Rocas 15 Joer! Eisen RTL Reporter Chris Reuter huet de Patron David Rocas am Virfeld a sengem Café besicht.
Ufäng vum Rocas
De Rocas ass definitiv eng ikonesch Plaz an der lëtzebuergescher Caféskultur. De Patron David Rocas kuckt zeréck, wéi et iwwerhaapt dozou komm ass, dass hien e Café opgemaach huet: "Mäi Brudder an ech waren deemools am Conservatoire als Theater-Schüler. Mir wollten e kulturelle Café opmaachen, wou mir eis Theater-Kolleegen treffe kéinten. De Gedanke war, dass si dann och Projete bei eis ufänke géifen. Esou ass de Rocas entstanen. Duerno ass dann och nach Musek dobäi komm, mat Concerten an DJen. A mat der Zäit ass dat ëmmer méi wëll ginn, méi spéit ginn, et si méi Leit komm an et war ëmmer méi Party."
De Rocas ass matzen op der Badanstalt. Mam Busarrêt virun der Dier ass et haut eng staark frequentéierte Plaz an der Stad. Wéi de Café viru 15 Joer opgaangen ass, huet nach bal keen d'Plaz kannt: "No der Ouverture hunn ech de Leit gesot, ech hätt e Café opgemaach a si sollten op d'Badanstalt kommen. Déi meescht hu mech gefrot wou dat da wier. Deemools ware mir hei och nach eleng. De 'Cuba Libre' war scho bal um Schluss ukomm, dee war zéng Joer virdrun méi bekannt. Et gouf dunn och nach kee Mamacita. Elo ass d'Badanstalt natierlech eng lieweg Plaz!"

© RTL
Wann een an de Rocas erakënnt, da steet direkt riets d'DJ-Pult. Hannendrun op der Mauer hänkt den Jimi Hendrix aus orangem Lego, deen dem David säi Brudder selwer zesummegebastelt huet. Lénks ass e klengen Eck, wou e Konschtwierk aus enger aler Tastatur hänkt, och eng Kreatioun vum David sengem Brudder. Deen ass iwweregens haut net méi am Café mat dran, mee schafft als Architekt. Riichtaus huet een dann de Bléck op de Comptoir. "Hei hu mir alles missten neimaachen", seet den David Rocas. Wann ee fréier an de Café erakomm ass, hätt riets eng risegrouss Théik gestanen, déi bal zwee Drëttel vum ganze Sall ageholl hätt. Op där anerer Säit, do wou et elo erop op den éischte Stack geet, stoung fréier eng Kichen. Och déi gëtt et haut net méi.

© RTL
Groussen Duuscht op der Badanstalt
Den David Rocas weess zwar net genee wéi vill Béier an enger Woch esou duerch d'Päif geet, mee wéineg ass et net: "Ech krut eng Kéier vun engem Representant vun 'Diekirch' gesot, dass mir zu den Top 5 Etablissementer am Land gehéieren, wat de Verkaf vun 'Diekirch'-Produiten ugeet." Nieft dem Béier leeft de legendäre Mojito och extra gutt. "An der Zäit goufen et esouguer Happy Hours wärend deenen et nëmme Mojito gouf", zielt den David.

© RTL
Kulturell Villfalt
De Rocas ass ee Café théâtre, e wichtege kulturellen Hotspot, mat enger ganz diverser Programmatioun. Bal all Dag an der Woch si Concerten, Jam Sessions, Open Mics, Comedy Shows oder Liesungen, oft esouguer zwee kulturell Events gläichzäiteg uewenop an ënnen. D'Bün um éischte Stack ass sécherlech d'Häerzstéck vum Rocas. Den David verbréngt vill Zäit domat, fir déi Bün mat Liewen ze fëllen: "Meng Aufgab ass et, den Agenda ze fëllen. Vill Saache buchen ech selwer, ech ginn awer och zimmlech all Dag kontaktéiert, fir Events hei am Rocas ze hosten. Dat kënnen entweder privat Kënschtler sinn, awer och national an international Agencen. Iwwert d'Joren hunn ech mir e grousst Netzwierk opgebaut."

© RTL
Esou eng grouss Programmatioun ass fir e klengen Indiependent-Café wéi de Rocas finanziell immens opwänneg. D'Gagë fir d'Kënschtler kaschten enorm vill Suen: "Gutt doduerch kënnt een net. Et ginn extrem vill Evenementer mat deenen ech Perte maachen. D'Leit drénken natierlech eppes virun, wärend oder no Events, dat hëlleft. Mee d'Konzept, dass ee Béier muss verkafe fir kënnen en Artist ze bezuelen, ass kommerziell e bësse komesch." Am Ausland, zum Beispill a Frankräich an an der Belsch, ginn esou Kultur-Caféen wéi de Rocas mat Fonge staatlech subventionéiert. Den David schwätzt sech fir esou eng finanziell Ënnerstëtzung och hei zu Lëtzebuerg aus. Kënschtler missten adequat bezuelt a Plazen op deenen ee kulturell Villfalt erliewe kann, erhale ginn: "Kultur fänkt ganz ënnen un. Kënschtler fänke jonk un, a klenge Säll, dofir mussen esou Plazen erhale ginn, fir dass mir weider interessant Gagë kënne bezuelen. Artiste solle korrekt bezuelt ginn, esou dass si hir Konscht och weiderentwéckele kënnen, ëmmer méi grouss ginn an dann iergendwann eventuell och am Ausland lëtzebuergesch Kultur kënne weisen."
Rocas, Putain, 15 ans
"Fiesta, 15 Joer laang Celebratiounen an Entdeckungen, gutt Erënnerungen", resuméiert den David Rocas déi lescht 15 Joer. A besonnesch gudder Erënnerung sinn him d'Concerte vun der spuenescher Band Tundra bliwwen: "Ech ginn oft gefrot, wat dee beschte Concert wier, deen ech jee gesinn hunn. Dat war Tundra am Rocas. An Däitschland ginn do 2000 bis 3000 Leit kucken, hei am Rocas waren der 40. Si haten eis awer e gudden Datum ginn a wollten onbedéngt freides kommen - wéinst hirem perséinleche Spaass. Dat huet een och op der Bün gesinn, d'Band hat eng onwarscheinlech Energie. Dee Concert war verréckt." Och onvergiesslech ass d'Soirée "Putain, 2 ans", bei där de Café komplett voll war a jiddereen als Ofschloss "Hey Jude" vun de Beatles matgegrölt huet. Iwwer legendär a wëll Soiréeën am Rocas kéint ee sech wuel de ganzen Dag ënnerhalen...
"Rocas, Putain, 15 ans" wäert sécherlech net manner legendär ginn. Den David huet fir e Samschden e Line-Up aus alleguer deenen DJen, déi d'ganzt Joer iwwer am Rocas opleeën, zesummegestallt: "Ech hunn der am Ganzen 12 invitéiert. Si wäerten op deenen zwee Stäck spillen, eng Stonn deen een, déi aner Stonn deen aneren. Et fänkt um 18:00 Auer ganz relax mat Rock un. Am Laf vum Owend gëtt et dann elektronesch. Zu spéider Stonn wäerten d'DJen dann och méi haarden Elektro opleeën." Nieft dem bekannte Mojito, wäert et fir d'Gebuertsdagsparty esouguer en eegene "Putain, 15 ans"-Béier ginn, a Kollaboratioun mat "Totenhopfen".
Zukunft
Op d'Fro wéi et no der 15-Joer-Party am Rocas weidergeet, äntwert den David: "D'Subkultur wäert weider existéieren. Et kommen ëmmer erëm nei Artisten an déi al Artiste kommen zeréck. Déi al Artiste lauschtere gären deenen neien no an hëllefen hinnen duerno fir sech ze entwéckelen. Dee Point de Rencontre hei am Rocas soll op allefalls bestoe bleiwen. Am Léifsten hätt ech esouguer eng zweet, méi grouss Plaz, fir kënne gréisser Evenementer ze maachen. Wie weess wéini dat eng Kéier geschitt..."

© RTL