© Patrick Greis
Et ass gewosst dass Schichtaarbecht längerfristeg krank maache kann. Beispillsweis klëmmt d'Gefor vun Häerzkreeslaferkrankungen an och Kriibs kann dacks ausgeléist ginn. Den Dr Marc Keipes aus dem GesondheetsZenter op der Gare geet der Fro no, wat fir Effekter dat kann mat sech bréngen.
Éischten Effekt ass, dass duerch méi schlechte Schlof am Dag, de Verbrauch u Kalorien tëscht 12 a 16% zréckgeet, fir déi selwecht Zuel vu Stonnen déi ee geschlof huet. Ganz genau erfaasst u wat dat leit, ass et leider net. Souguer schonn nëmmen wann een de WE vill méi laang schlofe wëllt wéi am Alldag, ass dat den Equivalent vun engem Jetlag, wou een freides owes no Westen flitt a méindes moies nees zréck no Osten. Saachen déi bal all Mënsch mécht, an da muss een iwwerleeën, mir reegen eis bal alleguerten op iwwer déi eng Stonn Summer- a Wanterzäit déi eis dann e bësschen op d'Kopp geheit.
Kënnen dann net nach aner Ursaachen spillen, wann et ëm Stoffwiesselproblemer geet?
Et kënnen och d'Iessgewunnechten sinn. Souguer wann een elo net seng Schwéngereien aus dem Automat zitt, spillt d'Iessen eng Roll. Schonn no enger simuléierter Schicht vun 10 Deeg mat geännerten Auerzäiten fir d'Iesswueren, haten 30% vun de Participanten bei dëser Etüd e pré-diabetes gemaach, an do kënnt dann nach drëttens derbäi, dass wann ee Schichten schafft a midd ass, een éischter Tendenz huet zu manner Sport deen Dag duerno. Evitéiert wa méiglech fir Schichten ze schaffen, a wann net, dann iesst am Rhythmus vun enger Dageschicht, an da bleift dir gesond.