De Raphaël Betti huet mam BAC seng eege Cocktailbar am Pafendall. Pünktlech fir déi kal Joreszäit verréit de Bartender eis seng beschte Wantercocktails, déi dir doheem nomaache kënnt! Haut: Brazilian Moscow Mule.

14/12/2024 Wantercocktails: Brazilian Moscow Mule

Dëse Wantercocktail ass e bësse méi opwänneg, e gesäit awer richteg gutt aus an ass och nach bal gesond. Wéi beim klassesche Moscow Mule ass nämlech och Ingwer mat dran. Mat senger duusser Schäerft an den erfrëschenden Eegenschafte passt Ingwer perfekt an d'Wantersaison. Ausserdeem ass en extrem gesond.

Brazilian Moscow Mule

6 cl Vodka
3 cl frësche Limettëjus
2 cl Zockersirop
2 Sprëtzer Angostura

Alleguer d'Ingredienten an ee Mule Cup schëdden a verréieren. Mam hausgemaachten Ingwerschaum toppen.

Fir den Ingwerschaum
200 ml Zockersirop
250 ml frësche Limettëjus
100 ml frëschen Ingwerjus (am beschten aus dem Slowjuicer)
100 ml Eewäiss oder Aquafaba
200 ml Zitrounelimonad
1 gr Xanthan Gum

Alleguer d'Ingredienten mam Stabmixer vermëschen an duerch eng fein Passett an en iSi Whipper (Siphon) schëdden. Cartouchë mat N2O Gas andréinen a gutt rëselen. Kal stellen a virum zerwéieren nach eng Kéier gutt rëselen.

RTL

© Raphaël Betti / BAC