De Raphaël Betti huet mam BAC seng eege Cocktailbar am Pafendall. Pünktlech fir déi kal Joreszäit verréit de Bartender eis seng bescht Wantercocktails, déi dir ganz einfach doheem nomaache kënnt! Haut: Den alkoholfräien Chinotto Fizz.

18/12/2024 Wantercocktails: Chinotto Fizz (alkoholfräi)

Chinotto ass eng méi batter Orange, déi villen italieeneschen Aperitifer oder Digestifer hiren typesche battere Goût gëtt, zum Beispill Campari. Chinotto-Limonad fannt Dir an enger vun deene villen italieneschen Epicerien. D'Geheimzutat vum Chinotto Fizz ass d'Sojazooss!

Chinotto Fizz
2 cl Orgeat (Mandel oder eng aner Noss)
2 cl frëschen Zitrounëjus
1 TL Sojazooss

Chinotto Soda

Alleguer d'Ingredienten an engem Rocks Glas vermëschen. Äis dobäi maachen a mat Chinotto Soda opfëllen. Mat enger Orangëscheif garnéieren.

RTL

© Raphaël Betti / BAC