De Raphaël Betti huet mam BAC seng eege Cocktailbar am Pafendall. Pünktlech fir déi kal Joreszäit verréit de Bartender eis seng beschte Wantercocktails, déi dir ganz einfach doheem nomaache kënnt! Haut: Flip.

20/12/2024 Wantercocktails: Flip

De Flip ass schwéier, crèmeg a quasi wéi e flëssegen Dessert - e richtege Wanterdrink also. Als besonneschen Twist benotzt de Raphaël ee Mescal, fir eng bësse méi gereechert Nott mat eranzebréngen. Säin Orgeat mécht hie selwer aus Käschten.

Flip
3 cl Tequila Reposado
3 cl Mescal
4 cl Käschten-Orgeat
1 ganzt Ee
2 cl Ram
1 cl Zockersirop (jee no Goût)

Alleguer d'Ingredienten an e Shaker maachen. Fir d'éischt ouni, duerno mat Äis shaken.

An engem Cocktailglas ouni Äis zerwéieren. Mat geriwwener Muskatnoss garnéieren.

Fir de Käschten-Orgeat
400 gr Käschten aus der Béchs
400 ml Waasser
1 Pouz Kanéil
1 Pouz Salz
40 gr brongen Zocker

Alleguer d'Ingredienten mat engem Stabmixer vermëschen an dann duerch eng fein Passett filteren.

RTL

© Raphaël Betti / BAC