De Raphaël Betti huet mam BAC seng eege Cocktailbar am Pafendall. Pünktlech fir déi kal Joreszäit verréit de Bartender eis seng beschte Wantercocktails, déi dir ganz einfach doheem nomaache kënnt! Haut: Hot Aperol

23/12/2024 Wantercocktails: Hot Aperol

Vill Leit kënnen einfach net ouni hiren Aperol liewen! Well et elo am Wanter awer ze kal ass fir dee klasseschen Aperol Spritz, mécht de Raphaël eis e waarmen Aperol - mat engem speziellen Twist.

Hot Aperol
6 cl Aperol
2 cl staarken Alkohol (Whiskey oder Rum)
½ Pak Vitamin C Polver mat Orangëgoût
Jus vun enger hallwer Orange
10 cl Crodino oder Chinotto Soda

Alleguer d'Ingrediente vermëschen a fir 1:30 Minutt an d'Mikrowell maachen.
Waarm an enger Taass zerwéieren. Mat enger Orangëscheif garnéieren.

RTL

© Raphaël Betti / BAC