Nach bis den 29. Dezember hutt dir d'Zäit fir ze decidéiere wien den Titel Lëtzebuerger a Lëtzebuergerin vum Joer kritt. Jiddereen deen ofstëmmt huet d'Chance op eng Apple Watch a Wireless-Kopfhörer vu Bang & Olufsen. Ënnert den 10 Kandidate fir d'Lëtzebuerger vum Joer ass och d'Tatta Tom; den Tom Hecker.

16/12/2024 Lëtzebuerger vum Joer: Tom Hecker

Den Tom Hecker wëll Opklärungsaarbecht maachen a Wäerter wéi Toleranz a Matenee vermëttelen, dat mat Liesungen a Schoulen oder Bibliothéiken, verkleet als Tatta Tom, eng Dragqueen. 

Eng Initiativ déi net iwwerall begréisst gëtt an am Laf vum Joer fir net nëmme vill Diskussiounen am Internet gesuergt huet, zwou Petitiounen, déi eng dofir déi aner dogéint, hu sech en Duell geliwwert, grad ewéi den Tom Hecker an den Tom Weydig an engem Face-à-Face um Radio.

Ofso:

De Voting fir de Lëtzebuerger, an d'Lëtzebuergerin vum Joer natierlech och, ass elo online. Dir hutt d'Zäit bis den 29. Dezember fir är Stëmmen ofzeginn. Den 1. Januar um 10:00 gëtt d'Resultat bekannt gemaach.