
Nach bis den 29. Dezember hutt dir d'Zäit fir ze decidéiere wien den Titel Lëtzebuerger a Lëtzebuergerin vum Joer kritt. Jiddereen deen ofstëmmt huet d'Chance op eng Apple Watch a Wireless-Kopfhörer vu Bang & Olufsen. Ënnert den 10 Kandidatinne fir d'Lëtzebuergerin vum Joer ass och déi Fra déi Lëtzebuerg an d'Eurovision Song Contest-Welt gefouert huet; d'Tali.
Am Januar dëst Joer huet sech d'Tali an der Rockhal um Luxembourg Song Contest géint One Last Time, d'Krick, d'Naomi Ayé, d'Rafa Ela & Angy, de Joel Marques, den Chaild an den Edsun duerchgesat.
Cut LSC
Zu Malmö war d'Freed natierlech grouss wéi an der éischter Halleffinall de Verdikt koum datt de Grand-Duché et an d'Finall gepackt huet.
Cut Halleffinall
An der Finall ass dunn eng gutt 13. Plaz fir d'Tali a Lëtzebuerg erausgesprongen.
Cut Finall
An de Wochen nom ESC hat d'Tali nach deen een oder aneren Optrëtt hei zu Lëtzebuerg, ënner anerem um USINA zu Diddeleng an um CULTURE FOREST zu Esch. Duerno ass et zeréck op New York gaange fir äifreg um éischten Album ze schaffen, deen d'nächst Joer erauskomme soll. Sécher ass mol e Concert vum Tali, dat den 28. Februar am Atelier, villäicht da mam Titel vun der Lëtzebuergerin vum Joer 2024.
OFSO:
De Voting fir d'Lëtzebuergerin, an de Lëtzebuerger vum Joer natierlech och, ass elo online. Dir hutt d'Zäit bis den 29. Dezember fir är Stëmmen ofzeginn. Den 1. Januar um 10:00 gëtt d'Resultat bekannt gemaach.