Nach bis den 29. Dezember hutt dir d'Zäit fir ze decidéiere wien den Titel Lëtzebuerger a Lëtzebuergerin vum Joer kritt. Jiddereen deen ofstëmmt huet d'Chance op eng Apple Watch a Wireless-Kopfhörer vu Bang & Olufsen. Ënnert den 10 Kandidatinne fir d'Lëtzebuergerin vum Joer ass och eng ganz séier Fra; d'Patrizia van der Weken.
D’Sportlerin huet 2024 bei der weltwäiter Sprint-Elite vun den Damme matgemëscht an dobäi eng Rei exzellent Resultater opgestallt.
Sief et déi siwente Plaz bei der Indoor-WM, déi fënnefte Plaz an der Finall vun der Diamond League oder eng Plaz an den ½-Finalle bei den Olympesche Spiller zu Paräis.
Déi 25 Joer al Sprinterin huet sech dat ganzt Joer iwwer op héchstem internationalen Niveau gewisen an dobäi op de 60, 100 an 200 Meter jeeweils een neie Landesrekord opgestallt.
De Voting fir d'Lëtzebuergerin, an de Lëtzebuerger vum Joer natierlech och, ass elo online. Dir hutt d'Zäit bis den 29. Dezember fir är Stëmmen ofzeginn. Den 1. Januar um 10:00 gëtt d'Resultat bekannt gemaach.