
Nach bis den 29. Dezember hutt dir d'Zäit fir ze decidéiere wien den Titel Lëtzebuerger a Lëtzebuergerin vum Joer kritt. Jiddereen deen ofstëmmt huet d'Chance op eng Apple Watch a Wireless-Kopfhörer vu Bang & Olufsen. Ënnert den 10 Kandidate fir de Lëtzebuerger vum Joer ass och de Polizist Elias Scheer.
Am Beruff suergt den Elias fir Sécherheet an a senger Fräizäit ass hien begeeschterten Triathleet. A béide Beräicher ass d’LGBTQIA+ Thematik ëmmer nach een Tabuthema, dat ass him als Transmann besonnesch duerch den Austausch mat anere betraffene Persounen opgefall an dowéinst gëtt den Elias Coursë bei den Aarbechtskolleegen.

Duerch säin Engagement op de soziale Medien dréit hien ee groussen Deel dozou bäi, d’Thematik am gesellschaftleche Liewen ze enttabuiséieren an eng Ulafstell fir déi concernéiert Leit ze sinn. Dem Elias seng Transitioun vu Fra zu Mann huet wärend Corona ugefaangen.
Fir vill virun allem Jonker aus der genannter Communautéit ass den Elias Scheer ee grousst Virbild, dee sech donieft och op internationale Konferenzen als Lëtzebuerger Representant vun der European LGBT Police Association (EGPA) asetzt.