Nach bis den 29. Dezember hutt dir d'Zäit fir ze decidéiere wien den Titel Lëtzebuerger a Lëtzebuergerin vum Joer kritt. Jiddereen deen ofstëmmt huet d'Chance op eng Apple Watch a Wireless-Kopfhörer vu Bang & Olufsen. Ënnert den 10 Kandidatinne fir d'Lëtzebuergerin vum Joer ass och eng vun deene beschten Dëschtennisspillerinne vun der Welt: Ni Xia Lian.

18/12/2024 Lëtzebuergerin vum Joer: Ni Xia Lian

D’Ni Xia Lian ass schonn zanter Joerzéngten d’Gesiicht vum Lëtzebuerger Dëschtennis. Och am Alter vun 61 Joer konnt si op en neits hir Stäerkten ënner Beweis stellen a bei den Olympesche Spiller zu Paräis d’Opmierksamkeet vun der globaler Press op sech zéien. Mat enger 4:2-Victoire konnt d’Ni Xia Lian sech net nëmme fir d’1/16-Finalle qualifizéieren, si huet sech domat och als eelst Gewënnerin an engem Olympia-Dëschtennismatch an d’Geschichtsbicher agedroen. Ëmmer mat engem Laachen am Gesiicht huet si den olympesche Geescht souguer och bei der Defaite géint déi Weltranglëschten-Éischt virbildlech no bausse gewisen.

RTL

© RTL