Nach bis den 29. Dezember hutt dir d'Zäit fir ze decidéiere wien den Titel Lëtzebuerger a Lëtzebuergerin vum Joer kritt. Jiddereen deen ofstëmmt huet d'Chance op eng Apple Watch a Wireless-Kopfhörer vu Bang & Olufsen. Ënnert den 10 Kandidate fir de Lëtzebuerger vum Joer ass och ee Mann dee grousse Courage bewisen huet: Mike Dickes.

19/12/2024 Lëtzebuerger vum Joer: Mike Dickes

De Mike Dickes huet am August 2024 duerch säi grousse Courage ee jonkt Mënscheliewe gerett. No enger Explosioun hat zu Monnerech en Eefamilljenhaus Feier gefaangen, wat ee Kand um Daach vum Haus an akut Liewensgefor bruecht hat. Nach éier d’Pompjeeën agetraff sinn, huet sech de Mike Dickes, de Beruffspompjee dee grad eigentlech net am Déngscht war, een Häerz geholl, an huet d’Kand iwwert den Daach vun den Noperen op eege Fauscht aus dem gëftegen Damp a Sécherheet bruecht.

RTL

© RTL