Nach bis den 29. Dezember hutt dir d'Zäit fir ze decidéiere wien den Titel Lëtzebuerger a Lëtzebuergerin vum Joer kritt. Jiddereen deen ofstëmmt huet d'Chance op eng Apple Watch a Wireless-Kopfhörer vu Bang & Olufsen. Ënnert den 10 Kandidatinne fir d'Lëtzebuergerin vum Joer ass och eng Coureuse, déi zu enger Lëtzebuerger Sportsikon avancéiert ass: Christine Majerus.

19/12/2024 Lëtzebuergerin vum Joer: Christine Majerus

D’Christine Majerus steet wéi keng aner Fra fir de Lëtzebuerger Vëlossport bei den Dammen. Am Joer 2024 ass déi international Karriär ënnert anerem mat der véierter Participatioun bei den Olympesche Spiller op en Enn gaangen. Mat der ofschléissender Course um Härebierg huet si donieft gewisen, datt si net vergiess huet, wou alles ugefaangen hat. Wat vun der grousser Vëloskarriär iwwreg bleift ass ee Virbild fir déi jonk Generatioun vun den Dammen. Dat souwuel sportlech, wéi och charakterlech.

RTL

© RTL