Nach bis den 29. Dezember hutt dir d'Zäit fir ze decidéiere wien den Titel Lëtzebuerger a Lëtzebuergerin vum Joer kritt. Jiddereen deen ofstëmmt huet d'Chance op eng Apple Watch a Wireless-Kopfhörer vu Bang & Olufsen. Ënnert den 10 Kandidatinne fir d'Lëtzebuergerin vum Joer ass och eng Fra déi kee Problem domat huet, hire Wäerter trei ze bleiwen: Claudine Müller.

20/12/2024 Lëtzebuergerin vum Joer: Claudine Muller

D’Claudine Müller huet am Joer 2024 gewisen, wéi eng Wäerter fir eng Gesellschaft an Zäite vu Kricher a Krisen essentiel sinn. Trotz politeschem Géigewand ass si hire Wäerter an hirer Linn trei bliwwen, déi och an der Funktioun als Direktesch vum Lycée LTPES selbstverständlech solle sinn. Duerch hiren Engagement huet si e staarkt Zeeche géint Intoleranz an Ongerechtegkeete gesat an ass domat fir vill jonk Schülerinnen a Schüler ee Virbild fir e bessert Zesummeliewen.

RTL

© RTL