
© RTL
Nach bis den 29. Dezember hutt dir d'Zäit fir ze decidéiere wien den Titel Lëtzebuerger a Lëtzebuergerin vum Joer kritt. Jiddereen deen ofstëmmt huet d'Chance op eng Apple Watch a Wireless-Kopfhörer vu Bang & Olufsen. Ënnert den 10 Kandidate fir de Lëtzebuerger vum Joer ass och ee vun deene gréissten nationalen Influencer: Almin Hrkic.
Den Almin Hrkic, och nach bekannt ënnert dem Numm "mood.luxembourg", weist senge Follower op de soziale Medien ëmmer rëm deen een oder anere Geheimtipp wann et ëm Restauranten, Caféen oder aner Etablissementer geet. Duerch säin Account ginn d’Follower op eng authentesch an humorvoll Aart a Weis iwwert déi neisten a beléiftste Foodspots zu Lëtzebuerg informéiert, déi donieft och ëmmer rëm een Abléck hannert d’Kulisse kréien.