
© RTL
Nach bis den 29. Dezember hutt dir d'Zäit fir ze decidéiere wien den Titel Lëtzebuerger a Lëtzebuergerin vum Joer kritt. Jiddereen deen ofstëmmt huet d'Chance op eng Apple Watch a Wireless-Kopfhörer vu Bang & Olufsen. Ënnert den 10 Kandidate fir de Lëtzebuerger vum Joer ass och ee Mann dee säi Liewen op d'Spill setzt, fir aneren ze hëllefen: Philippe Jacob.
De Philippe Jacob huet am Joer 2024 ee Mol méi säi Liewen op d’Spill gesat, fir ukrainesche Bewunner an Nout ze hëllefen. Déi éischt Kéier hat et den deemolege Student vu Bréissel am Abrëll 2022 kuerz no der russescher Invasioun un déi ukrainesch Front gezunn. Zanterhier ass hien am Krichsgebitt als Hëllefspersoun am Asaz, fir d’Zivilisten aus de betraffenen Uertschaften ze evakuéieren. Dat deelweis 5 bis 10 Kilometer direkt hannert der Front, wou d’Kämpf tëscht russeschen an ukraineschen Unitéite besonnesch intensiv sinn. Duerch säi Courage a seng grouss Hëllefsbereetschaft huet hien och an dësem Joer rëm ville Leit an akuten Noutsituatioune gehollef, ee séchere Wee vun der Front fort ze fannen.

© Philippe Jacob