
© RTL
Nach bis den 29. Dezember hutt dir d'Zäit fir ze decidéiere wien den Titel Lëtzebuerger a Lëtzebuergerin vum Joer kritt. Jiddereen deen ofstëmmt huet d'Chance op eng Apple Watch a Wireless-Kopfhörer vu Bang & Olufsen. Ënnert den 10 Kandidatinne fir d'Lëtzebuergerin vum Joer ass och d'Presidentin vun der Associatioun "Stëmm vun den Iwwerliewenden": Ana Pinto.
D’Ana Pinto setzt sech géint de Fraenhaass an der Gesellschaft an an huet och 2024 rëm mat hirer Associatioun vill Sensibiliséierungscampagnen an d’Weeër geleet. Als Presidentin vun der "Stëmm vun den Iwwerliewenden" ass si virun allem och a Lycéeën ënnerwee, wou si Virträg hält an een oppent Ouer fir d’Affer vu sexueller Gewalt huet. Donieft hëlleft si och eeleren, kranken an handicapéierte Leit, déi op Hëllef ugewise sinn. D’Ana Pinto, dat selwer schonn Affer vu sexueller Gewalt war, huet mat hirem onermiddlechen Engagement ee groussen Deel geleescht, op relevant sozial Mëssstänn opmierksam ze maachen an Hëllef fir betraffe Fraen a Meedecher unzebidden.

© RTL