Nach bis den 29. Dezember hutt dir d'Zäit fir ze decidéiere wien den Titel Lëtzebuerger a Lëtzebuergerin vum Joer kritt. Jiddereen deen ofstëmmt huet d'Chance op eng Apple Watch a Wireless-Kopfhörer vu Bang & Olufsen. Ënnert den 10 Kandidate fir de Lëtzebuerger vum Joer ass och ee Mann, deen e jonkt Mënscheliewe gerett huet: Mathias Kersten.

22/12/2024 Lëtzebuerger vum Joer: Mathias Kersten

De Mathias Kersten huet duerch eng séier Reaktioun a säi professionellen Asaz ee jonkt Mënscheliewe gerett. Am Juli gouf den ACL-Mataarbechter op d’Plaz geschéckt, well ee Puppelchen an engem Auto agespaart war a wéinst den héijen Temperaturen op deem Dag domat eng akut Liewensgefor bestoung. De Mathias Kersten, deen nach virun der Police an dem CGDIS ukomm war, konnt d’Dier trotz der ugespaanter Situatioun mat der néideger Rou souguer ouni Materialschued opbriechen an d’Kand vun der besuergter Mamm mat Zäite retten.

RTL

© ACL