Nach bis den 29. Dezember hutt dir d'Zäit fir ze decidéiere wien den Titel Lëtzebuerger a Lëtzebuergerin vum Joer kritt. Jiddereen deen ofstëmmt huet d'Chance op eng Apple Watch a Wireless-Kopfhörer vu Bang & Olufsen. Ënnert den 10 Kandidate fir de Lëtzebuerger vum Joer ass och en Ausname-Sportler: Guy Wengler.

23/12/2024 Lëtzebuerger vum Joer: Guy Wengler

Ee Beispill dofir, datt sportleche Succès och nach am héijen Alter méiglech ass, huet de Guy Wengler am Joer 2024 bewisen. Fir den Amateur-Sportler vum Joergang 1943 huet déi sportlech Aktivitéit schonn ëmmer eng grouss Roll gespillt. De 4. November war hie beispillsweis beim DEULUX-Laf mat un den Depart gaangen, wou hien déi 10 Kilometer mat engem Chrono vun 59’39’’ Minutten op en Enn gelaf ass. Fir de Guy Wengler steet dobäi virun allem och de Spaass am Vierdergrond, deen d’Leit ronderëm sech ëmmer nees mat senger liewensfrouer Aart ustécht.

RTL

© RTL