
© RTL
Nach bis den 29. Dezember hutt dir d'Zäit fir ze decidéiere wien den Titel Lëtzebuerger a Lëtzebuergerin vum Joer kritt. Jiddereen deen ofstëmmt huet d'Chance op eng Apple Watch a Wireless-Kopfhörer vu Bang & Olufsen. Ënnert den 10 Kandidatinne fir d'Lëtzebuergerin vum Joer ass och d'Vanessa Tani
Mobbing ass zu Lëtzebuerg ee reelle Problem. Dat hat virun e puer Joer och d’Vanessa Tani erkannt an doropshin d’a.s.b.l. "Respect Each Other" gegrënnt. Duerch hir Aarbecht goufen och an dësem Joer rëm eng Rei Preventiounscampagnë géint Mobbing virun allem a Schoulen organiséiert. Dobäi ginn och Themen ugeschwat, déi duerch de Mobbing bei den Affer entstinn, wéi beispillsweis Käschte fir d’Behandlung vun der mentaler Gesondheet. Mat hirem Asaz geet d’Vanessa Tani elo schonn zanter e puer Joer géint de Mobbing vir a suergt mat hirer Aarbecht fir ee besseren a méi respektvollen Ëmgang mateneen.

© RTL