Eng weider Episod vum Pattcast ass eraus. An dëser Folleg vum Podcast, wou et just ëm Déiere geet, gëtt d’Kazenernärung thematiséiert. Do gëtt zesummen mat der Infirmière Vétérinaire Corinne Bormes, mat deem engen oder anere Virurteel opgeraumt a mir kréien Informatiounen, ob wat ee soll bei der Kazenernärung oppassen.

22/11/2024 Pattcast kazenernärung (rtl.lu)

Een Thema wat kontrovers diskutéiert gëtt, ass ob Naass- oder Dréchefudder besser ass. Sécherlech hänkt et och vun all Kaz of, wat se léiwer huet. Corinne Bormes:

Am Beschten ass eng Mëschung tëscht deenen Zwee. Dréchefudder ass gutt fir d’Zänn, wann d’Kazen dann natierlech knaen. Et sinn der och déi einfach schlécken, wéi ee Staubsauger. An d’Naassfudder ass gutt fir d’Flëssegkeet eranzekréien. Kaze si bekannt dofir, datt se net vill drénken, doduerch Niereprobleemer kréien a mam naasse Fudder decke se schonn een Deel vun hirem Waasserbedarf of.

D’Kaze si bekannt dofir immens kriddeleg mam Fudder se sinn. Et kënnt och vir, datt si op eemol eppes net méi gäre frësst.

Also bei de Kazen ass et sou wisou Mol scho ganz speziell. Wat se lo wärend, so mir 5 Joer all Dag ouni Problem gefriess huet, ka lo sinn, datt se ab haut oder ab den Owend einfach seet, nee, dat wëll ech lo net méi, ech wëll eppes aneschters. Wann et der Kaz am Grousse Ganze soss awer gutt geet, kann ech vläicht, eng oder zwou Moolzechte probéieren eppes aneschters dohinner ze setzen. Wa se dann awer nach ëmmer net dru geet, da vläicht nach eng Kéier een Check beim Veterinär maachen, well eng Kaz, déi, wou net frësst, do ass ee Problem.

Et kann ee sengem Véierbeener och mol eng Schneekegkeet speziell fir Kaze ginn. Deen Ament soll een déi Quantitéit vum normale Fudder ofzéien, fir z'evitéieren, datt d’Kaz mat der Zäit ze déck gëtt.

De ganze Pattcast iwwert d’Kazenernärung kann een op rtlplay.lu an op den anere Podcast Plattformen lauschteren.