E Freideg an enger Woch ass et nees sou wäit, dann ass Black Friday an dat heescht normalerweis vu gudden Offere kënnen ze profitéieren. Ma Black Friday limitéiert sech well laang net méi nëmmen op een Dag mee zitt sech ëmmer méi dacks iwwert e puer Deeg oder Wochen. Grad online Offere gesäit een aktuell scho ganz vill. Och an de soziale Medien. An déi sinn nach laang net all seriö. Dofir gëllt et grad elo gutt opzepasse wann ee fir Black Friday online bestellt.

21/11/2024 fake online Offeren

Virun allem wann een Annonce gesäit vu Shoppen déi een net kennt an déi mat super gudden Affäre lackelen, sollt een net blannemännerches drop lass kafen. Jeff Kaufmann vu Bee Secure:

"Do stellt sech oft eraus bei deene Shoppen, wann ee bis bestallt huet, dass laang Liwwerzäite si oder de Produit kënnt guer net un. Et gi verstoppte Käschten oder wann de Produit dann ukënnt dann ass d'Qualitéit wierklech net gutt oder et ass carrement eng Fälschung. A wann een da wëll a Kontakt komme mat deem Geschäft fir e Remboursement, da stellt sech dat oft als schwiereg eraus."

Dofir soll ee sech am Virfeld iwwert eng Sichmaschinn iwwert dee Shop informéieren. Ma och mat de Bewäertunge sollt een oppasse well déi kënne gefälscht sinn.

"Do einfach kritesch sinn an e klengen Tipp do vun eis : Stellt einfach d'Zortéierung esou an, dass déi neiste Bewäertungen als éischt ugewise ginn."

Sou gesäit ee rezent Bewäertungen an deemno wéi och direkt Kommentare vun anere Leit déi well do bestallt hunn an net zefridde waren. Wann een dann awer, trotz aller Virsiicht, mol ugeschmiert gëtt, da sollt ee reagéieren.

"Dat éischt wat mir soen, ass, kontaktéiert den Händler wann et méiglech ass.  Zweete Punkt: Beweiser sammelen, dat heescht wann Dir eng Confirmatiounsmail oder eng Rechnung kritt hutt vun der Commande, halt déi. Oder wann e Produit ukënnt an et ass eppes drun oder et ass fake, da maacht och Fotoen dovunner."

Wichteg ass och d'Bezuelmethod déi een auswielt, wann ee bestellt.

"Wann Dir elo mat enger Kreditkaart wéi Visa oder och PayPal bezuelt, dann huet een do de Virdeel, dass déi ganz oft Techniken hu fir e Remboursement direkt iwwert déi unzefroen. Bei enger Kreditkaart kann een dofir seng Bank kontaktéieren oder och World line. A bei PayPal ass et esou, dass ee sech do einfach kann aloggen an dann huet ee beim Paiement dat een do gemaach huet eng Optioun déi een auswiele ka fir sech déi Suen da rembourséieren ze loossen."

Sollt ee Froen hunn, da kann een entweder d'Helpline vu Bee Secure uruffen oder jee nodeem op de Shop säi Siège an Europa huet, och den europäesche Konsumenteschutz, den CEC, kontaktéieren déi een och an esou Fäll berode kann.