
© Pixabay
... 2 Joer beschléisst d'Regierung vu Neiséiland, dass Persounen déi no 2008 gebuer sinn, ni an hirem Liewen Tubaksproduite kafen dierfen. Entretemps ass dat Gesetz awer erëm gekippt ginn.
1981 verhänkt de Generol Wojciech Jaruzelski d'Krichsrecht iwwer Polen, an di onofhängeg Gewerkschaft Solidarność gëtt verbuede well se ze vill politeschen Afloss krit. Des bleift awer am Ënnergrond bestoen a kann entscheedend um polnesche Politikwiessel Enn den 80er matwierken.
No diverse rietsextreem motivéierten Uschléi an Däitschland ass et 1992 zu Frankfurt de Musekfestival "Heute die! Morgen du!". Ënnert anerem trieden op den Herbert Grönemeyer, BAP, de Marius Müller-Westernhagen, de Peter Maffay, Die Prinzen, Die Fantastischen Vier an Die Toten Hosen.
Aus engem Lach am Buedem gëtt 2003 de Saddam Hussein erausgezunn. De fréieren irakeschen Diktator gëtt vum amerikanesche Militär an der Géigend vu sengem Gebuertsuert Tikrit opgespiert. 3 Joer drop gëtt den Hussein gehaangen.
2014 ass et no bal 34 Joer di leschten Emissioun vu "Wetten, dass..?". Dem Frank Elstner seng Kultsendung, déi zur gréisster Tëleesshow an Europa ginn ass, erlieft 2021 nach eng Kéier e Revival mam Thomas Gottschalk. Et komme nach zwou Follege no, éiert den Tommy fir di 3. a warscheinlech leschte Kéier Äddi seet.
Haut viru 4 Joer fiert de Stater Tram rëm e Stéck méi wäit. D'Tramslinn T1 geet elo vun der Stäreplaz bis op d'Stater Gare. Zenter dësem Summer ass den Terminus vun der Streck beim Stade vu Lëtzebuerg.
86 Joer al gëtt haut den Heinz Georg Kramm - blond Hoer, donkele Brëll, den Heino.
Nach puer Placke méi verkaaft huet d'Taylor Swift. Hir Millioune Swifties gratuléiere fir de 35. Gebuertsdag.