... 52 Joer verléisst de Kommandant vun Apollo 17 Eugene Cernan als virleefeg leschte Mënsch de Mound.

14/12/2024 Haut virun...

De norwegesche Polarfuerscher Roald Amundsen a seng Ekipp erreeche 1911 de geographesche Südpol. Am Kader vun hirer sougenannter Fram-Expeditioun riichten se och direkt den éischte Camp, genannt Polheim, op.

1856 geet an enger Villa am Hafe vu Monte Carlo den éischte Casino op. En huet awer kee Succès, mécht Verloschter, a réischt mat däitscher Hëllef an an engem neie Gebai (do wou en haut nach ass), fänkt et vun 1863 un besser ze lafen. Iwwregens dierfe monegassesch Staatsbierger net un de Spiller am Casino deelhuelen.

1960 gëtt zu Paräis d'Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht a Kooperatioun OECD gegrënnt. Si versteet sech haut als Forum, an deem Regierungen hir Erfarungen austauschen a Léisunge fir Problemer ausschaffe kënnen. Lëtzebuerg ass ee vun den 38 Memberstaaten a gehéiert zu de Grënnungsmemberen.

1962 huet de "Schatz im Silbersee" Premiere zu München. De Pierre Brice spillt dora fir di éischte Kéier de Winnetou, an de Lex Barker säi Bluttsbrudder Old Shatterhand. 10 weider Filmer wäerten an de nächste 6 Joer nokommen.

Eng weider Filmpremière ass et 1977 zu New York. Di ganz Welt geréit mat "Saturday Night Fever" an d'Disco-Féiwer, an (bal) all Mann wëllt danze kënne wéi den John Travolta.

1995 gëtt d'Ofkommes vun Dayton gëtt ënnerschriwwen an domat geet no dräianenhalleft Joer de Krich a Bosnien an Herzegowina op en Enn.

1946 gëtt deen Tennisspiller gebuer, deen d'US Open, Wimbledon a 7x den Davis Cup gewonnen huet, mee virun allem bekannt ass wéinst engem Schong, deen no him benannt ass. 78 Joer al gëtt den Amerikaner Stan Smith.

Haut ass et deen 73. Gebuertsdag fir den däitsche Komiker, Kabarettist a Sänger Michael "Mike" Krüger.

An 2013 stierft den ireschen Acteur Peter O'Toole, deen duerch de Film "Lawrence of Arabia" berüümt gouf.