
© Pixabay
... 85 Joer feiert dat 4 Stonne laangt Liebesdrama "Gone with the Wind" Weltpremière. Dee bis dohin deierste Film vun der Welt gëtt mat 10 Oscaren ausgezeechent, an ass inflatiounsberengegt deen erfollegräichste vun allen Zäiten.
Haut virun 80 Joer stierft de Glenn Miller. Den amerikanesche Bandleader ass um Wee vu London op Paräis, fir mat sengem Orchester e Chrëschtdagsconcert ze spillen, dee live am Radio iwwerdroe soll ginn. Réischt 3 Deeg méi spéit fält op, dass säi Fliger ni a Frankräich ukomm ass. En ass warscheinlech an d'Manche gefall. Op Hellegowend gëtt säi Doud bekannt gemaach.
No 5 Woche Sträit an Diskussiounen krit Kanada 1964 e neie Nationalfändel. Op engem wäisse Feld ass e rout Zockerahornblat mat 11 Zacken ze gesinn. Di 11 hu keng besonnesch Bedeitung, sinn awer d'Resultat vun engem Test am Wandkanal, bei deem festgestallt gëtt, dass d'Variant mat 11 Zacken bei staarkem Wand am beschten ausgesäit.
Aus Kanada kënnt och d'Iddi fir eent vun den erfollegräichste Brietspiller. "Trivial Pursuit" gëtt haut viru 45 Joer vun 2 Journalisten erfonnt, déi grad eng Partie "Scrabble" spillen. Weltwäit gëtt et méi wéi 100 verschidde Versiounen déi sech bis elo méi wéi 100 Millioune mol verkaaft hunn.
1995 decidéiert den Europäesche Geriichtshaff an der Bosman-Affär. Doraus geet ervir, dass den Transfertsystem am europäesche Profifuttball illegal ass. D'Urteel verbitt Wiesselzomme no Vertragsenn fir Profisportler bannent der EU an erkläert Auslännerrestriktioune fir ongëlteg.
2001 geet de Schifen Tuerm vu Pisa rëm op fir Visiteuren. 13 Joer laang war en sanéiert ginn, an dobäi ëm 44cm opgeriicht ginn. Fir di nächsten 300 Joer misst e geséchert sinn. Bei den Aarbechte goufen eng Strooss aus der Réimerzäit fonnt an e Graf aus dem Mëttelalter mat engem komplette Skelett dran.

© Pixabay
An 1832 kënnt dee Mann op d'Welt, bei deem den Tuerm warscheinlech riicht stoe bliwwe wier - de franséischen Ingenieur Gustave Eiffel.

© Pixabay