... 80 Joer versicht Nazidäitschland mat der Ardennenoffensiv eng leschte Kéier, di Alliéiert zréckzegeheien. Virun allem de Norde vu Lëtzebuerg gëtt elle getraff. A kenger Schluecht vum Zweete Weltkrich hunn eis Befreier méi Leit verluer wéi an der "Battle of the Bulge".

16/12/2024 Haut virun...

1773 ass et mat der faméiser "Boston Tea Party" en Akt vum Widderstand géint di brittesch Kolonialpolitik. Am Hafe vu Boston enteren als Indianer verkleete Bierger d'Schëffer vun der englescher East India Company a geheien 342 Këschten Téi an d'Waasser. Et ass den Héichpunkt vum laange Sträit tëscht 13 nordamerikanesche Kolonien an dem Mammeland Groussbritannien.

Associazione Calcio Milan - haut virun 125 Joer gëtt den AC Milan vun ausgewanderten englesche Geschäftsleit als "Milan Football and Cricket Club" gegrënnt. Scho 17 Méint méi spéit feieren d'Rossoneri hiren éischte Championstitel.

RTL

1971 beschléisst d'Generalversammlung vun de Vereente Natiounen d'Verbuet vun der Entwécklung, Produktioun a Lagerung vu bakteriologesche Waffen, a gläichzäiteg och d'Vernichtung vun dëse Biowaffen. D'Konventioun trëtt réischt 4 Joer méi spéit a Kraaft.

RTL

© Pixabay

1995 fënnt den Europäesche Rot e Numm fir eng nei zukünfteg Gemeinschaftswärung. Proposéiert goufen z.B. den europäesche Frang oder di europäesch Kroun, um Enn gëtt sech awer fir de Virschlag vun der däitscher Delegatioun decidéiert. "Euro" an "Cent".
 

RTL

© Pixabay

De Präsident vun der US-Noutebank Ben Bernanke gëtt haut viru 15 Joer vum "Time" Magasinn zur Personalitéit vum Joer gewielt. Hirer Meenung no huet den Ökonom an der grousser Finanzkris d'Vereenegt Staate virum finanzielle Ruin gerett.

RTL

© Pixabay

No 16 Joer a bis zu 4x d'Woch ass et 2015 di leschte Folleg TV-Total mam Stefan Raab. Zanter 2021 leeft d'Sendung erëm - elo mam Moderator Sebastian Puffpaff.

75 Joer al gëtt haut de Billy Gibbons - Sänger a Songwriter vun der Kultband ZZ Top

45. Gebuertsdag fir den Tramar Lacel Dillard - besser bekannt als Flo Rida.