Schnell um Büro iessen an niewebäi nach op Mailen äntweren? Léiwer net. D'Mëttespaus kann een och fir sech selwer notzen a mol kuerz aus dem Alldag flüchten. Iwwert déi nächst Woche presentéiere mir Iech verschidden Aktivitéite fir d'Mëttespaus! Haut geet et op d’"Concerts de midi" vun der Stad Lëtzebuerg.

02/01/2025 Aktivitéite fir d’Mëttespaus: Concerts de midi

D'Serie "Concerts de midi" vun der Stad Lëtzebuerg gëtt et schonn zanter 1983. Zwee Freideger am Mount kann ee vun 12:30 bis 13:30 Auer op verschiddene Plazen an der Stad klassesch Concerten erliewen. Nieft der Place d'Armes déi fir d'Fanfaren, Harmonien a Big Bands bekannt ass, an de "City Sounds" mat Rock-, Pop- an Elektro-Musek, soll an der Stad natierlech och klassesch Musek eng Plaz hunn. 

De Serge Kieffer vun der Stad Lëtzebuerg: "D'Klassik ass ee wichtege Beräich an der Musek, dee mir och wëllen ënnerstëtzen. En plus hu mir onheemlech vill gutt jonk klassesch Museker an deene probéiere mir natierlech mat dëser Serie eng Plattform ze ginn."

An der Reegel profitéieren eng 80 bis 150 Leit vun der gratis Offer vun de "Concerts de midi". Nieft jonken Nowuess-Acts, stinn och e puer grouss Lëtzebuerger Nimm an esouguer international Acts op der Affiche. De Serge Kieffer verréit eis seng zwee Highlights an deenen nächste Méint: "De Pierre Fontenelle ass e jonken Cellist, dee seng CD 'Roots' presentéiert. Seng Roots sinn hei zu Lëtzebuerg, obwuel hien elo an der ganzer Welt mam Cello ronderëmreest a spillt. D'Stephanie Ortega ass elo déi éischte Kéier säit ville Joren och erëm programméiert. Mat sengem Trio spillen si e Concert 'Tango Passion' ronderëm den Astor Piazzolla."

Deen nächste "Concert de midi" ass freides den 10. Januar mam Lëtzebuerger Ensemble Ad Libitum.

Serge Kieffer: "Déi hunn de Jitz Jeitz invitéiert, e ganz bekannte Lëtzebuerger Saxophonist. Do si mir am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg, ënnen an der Salle Polyvalente. Dat ass och ee vun deene ganz wéinege Concerten déi verstäerkt wäerte sinn."