© Ville de Differdange/Joanna Hudyka Photography
Wien déi lescht Zäit duerch d'Foussgängerzon zu Déifferdeng getrëppelt ass, huet vläicht matkritt, dass sech do wou virdru laang Joren e grousse Fotosbuttek war, e bëssi eppes gedoen huet. Effektiv gouf hei 8 Méint hei vill geschafft fir eng nei Animatioun fir d'Kanner ze schafen. An déi gouf dann elo lescht Woch offiziell ageweit.
Riets geet vun I-Kids, enger interaktiver Indoor-Spillplaz matten an Déifferdeng. An dat huet säi Grond wéi de
Guy Altmeisch, Buergermeeschter vun Déifferdeng, erkläert:
"Déifferdeng hat ëmmer e grousst Häerz, ëmmer en Häerz fir Kanner. An du hu mer eng Plaz gesicht fir eng Animatioun fir d'Kanner ze bidden, déi grouss genuch ass, déi de Besoinen vun eise Kanner entsprécht an déi am Zentrum vun der Stad läit. Wou mer kee Verkéier virun der Dier hunn, d'Kanner kommen a ginn a Sécherheet."
Nodeems een déi richteg Plaz fir esou eppes fonnt hat, huet ee sech op d'Sich no engem Exploitant gemaach an do huet de Wee an d'Stad, op d'Cloche d'Or, gefouert. Max Felten, Ekonomist vun der Gemeng Déifferdeng:
"Mir sinn u Crocus Quest deemools erugetrueden an der Stad an esou hu mer dunn ugefaangen dat heiten opzebauen an ech ka wierklech just soe Gratulatioun wat se an där kuerzer Zäit aus dësem Beräich gemaach hunn, ass absolut super an haut si mer stolz Déifferdenger ze sinn."
An 3 grousse Raim fënnt een hei interaktiv Aktivitéite déi et de Kanner erméiglechen hire Virwëtz an hier Kreativitéit auszeliewen. Fatima Mamilov, Gerante vun I-Kids:
"C'est un centre qui est axé sur la créativité et sur l'interaction. Ce sont des jeux modernes, axés sur la génération actuelle. Vu que souvent on leur interdit les écrans, là ils peuvent jouer en ayant un écran géant qui est projeté sur un mur, qui est donc tout à fait sécurisé et où il n'y a pas d'effets secondaires."
An esou fënnt een eng ganz Panoplie un immersive Spiller wéi zum Beispill magnéitesch Maueren, riseg interaktiv Ecranen, eng interaktiv Sandkëscht ma och Laser Pistoulen fir nëmmen e puer Aktivitéiten ze nennen. Donieft ginn awer och kreativ a wëssenschaftlech Atelieren ugebuede bei deenen d'Kanner sech ausliewe kënnen.
"On a aussi créé des escape room où les enfants peuvent découvrir en famille une activité qui est plus axée sur la réflexion et ce à partir de 9-10 ans où ils pourront découvrir deux coffres: un coffre sorcier et un coffre pirate."
Weider Informatioune fannt Dir hei