
© Patrick Greis
Et ass all Joer dat selwecht Spill. Ier de Gaart an de Wanterschlof verfält, fale fir d'éischt Blieder a wann d'Beem dann plakeg do stinn wéi sou e Rëppegestell dann kënnt de Schnéi. Dëst Joer war et vläicht e bësschen schëtzeg gaangen an déi éischt Schnéiflacken konnten et bal net méi erwaarden, awer de Jeannot Lacour mécht eent nom aneren fir de Gaart wanterfest ze kréien an do bleiwen nach 3 Aarbechten.
Fänke mer mat de Blieder un. Et soll een souvill wéi méiglech Blieder a sengem Gaart oprafen. Et brauch een elo net all eenzelt Blat opzerafen, dat huet kee Sënn, mee do wou der vill leien, soll een wierklech kucken fir se ewech ze kréien, well leien vill Blieder op engem Koup, zum Beispill um Wues, dee kritt dann net sou gutt Luucht an e fänkt un giel ze ginn iwwer de Wanter. Duerno wann d'Blieder fort sinn oder een d'Blieder erofhëlt virum éischten méinen, gesäit de Wuess wierklech net gutt aus, well en einfach keng Luucht krut.
D'Blieder um Wues schären mécht Sënn a liicht an, wéi ass et mat de Stauden?
Och wa lo Blieder op Stauden leien zB och do soll een déi ewechraumen, well och déi Planzen brauchen nach Luucht. An wéi gesot, leit e Koup iergendwou do bilt sech natierlech gären Moos oder Schimmel drënner, dofir keng déck Kéip leie loossen. Et soll net wéi geleckt sinn, an et muss och net all eenzelt Blat opgeraf ginn.