... 14 Joer verbrennt sech en tunesesche Geméishändler aus Protest géint d'Regierung selwer a léisst domat Onrouen am ganze Land aus. An de Méint dono gräifen se op aner Staaten a Nordafrika an am Noen Osten iwwer. Et ass den Ufank vum "Arabesche Fréijoer".

17/12/2024 Haut virun...

A North Carolina flitt 1903 de Wilbur Wright mat engem Fliger, deen hien zesumme mat sengem Brudder Orville gebaut huet, wärend 59 Sekonnen 260m wäit. De sougenannte "Wright Flyer" ass dat éischt motoriséiert Loftgefier, dat méi schwéier wéi Loft ass a vun engem Pilot gesteiert gëtt.

Wärend der Ardennenoffensiv 1944 bréngen däitsch SS-Zaldoten 84 amerikanesch Krichsgefaangener ëm. Op der Plaz vum "Massaker vu Malmédy" huet bis virun engem gudde Joer e Musée un dat Krichsverbriechen erënnert.

1989 leeft op der amerikanescher Tëlee di éischte Folleg vun "The Simpsons". Entretemps si mir no ronn 800 Episoden an der 36. Staffel ukomm. Homer a Co gouf et jo och eng ganz Zäit laang op lëtzebuergesch.

Hien huet iwwregens dem Homer Simpson seng Stëmm geléint - de lëtzebuergesche Musek- a Videoproduzent Jang Linster gëtt haut 72 Joer al.

2001 sinn et nach zwou Woche bis zur Aféierung vum Euro. An allen europäesche Staaten, bis op San Marino, komme no a no di sougenannte Starterkitten eraus. An deem lëtzebuergesche si 29 Mënzen dran, déi zesummen 12.40€ erginn. De Géigewäert vu 500 Lëtzebuerger Frang.

RTL

© Pixabay

Haut virun 20 Joer ass Bhutan dat éischte Land op der Welt, dat de Verkaf vun Tubakswueren aus reliéise, gesondheetlechen a wirtschaftleche Grënn verbitt.

Wärend enger Zuchrees stierft 2011 de nordkoreaneschen Diktator Kim Jong Il u kierperlecher Ermiddung. Säi Bouf Kim Jong Un gëtt de Successeur.

1770 kënnt de Ludwig van Beethoven op d'Welt. Den däitsche Komponist ass e Perfektionist, gëtt am Laf vu senger Karriär daf, an zielt haut nach ëmmer zu de meeschtgespillte Komponiste vun der Welt.