
© Pixabay
... 132 Joer huet dem Peter Tschaikowski säi Märche-Ballet "Den Nossknacker" Weltpremiere zu Sankt Petersburg. Zanterhier gëtt dëse reegelméisseg an der Zäit ronderëm Chrëschtdag opgefouert.
Nom Enn vum Sezessiounskrich trëtt 1865 an den USA den 13. Zousazartikel zur Verfassung a Kraaft, mat deem landeswäit d'Sklaverei verbuede gëtt.
An Tschechien grënnen 1895 e Mecanicien an e Buchhändler e Vëlosatelier. Doraus entsteet den Autosproduzent Skoda. Hiren éischte Won presentéiere se 1905 an sinn domat eng vun den eelsten Entreprisen am Automobilsecteur.
1898 stellt de Fransous Gaston de Chasseloup-Laubat deen éischte verbréiften Automobilvitessrekord op. An engem Elektroauto fiert hien 62.780km/h séier.
1942 ginn 12 alliéiert Regierungen, dorënner Lëtzebuerg, eng Erklärung of an där et heescht, dass di international Vëlkergemeinschaft d'NS-Verbrieche géint dat jiddescht Vollek poursuivéiere wäert, soubal de Krich eriwwer ass. Sou ka kee méi behaapten, näischt vun der sougenannter "Endléisung" gewosst ze hunn.

© Pixabay
Zu Wien gëtt 2017 de Sebastian Kurz zum Bundeskanzler vun Éisträich ernannt, a mat 31 Joer de jéngste Regierungschef an Europa.
2022 gëtt d'Finall gespillt vun der Futtballweltmeeschterschaft a Qatar. Argentinien gewënnt säin 3. Titel géint Frankräich no 11m-Schéissen. Beschte Butteur vum Tournoi ass de Kylian Mbappé mat 8 Goler, deen eleng an der Finall 3x markéiere kann.
Si war ee vun de Stare vun de "Fröhlichen Wellen" op RTL - 82 Joer al gëtt di däitsch Radiosspeakerin an Televisiounsmoderatorin Helga Guitton.
En Atomkrich iwwerliewe Kakerlaken a vläicht hien - de Keith Richards, onverwüstleche Gittarist vun de Rolling Stones, krit 81 Joer.
Gebuertsdagspartystress haut zu Hollywood an an der Museksbranche:
78 Joer al gëtt de Starregisseur Steven Spielberg.
61 Joer feiert den Acteur Brad Pitt.
49. Gebuertsdag fir di australesch Sängerin Sia Furler.
44 Joer al gëtt d'Christina Aguilera.
Seng 23 Joer feiert d'Billie Eilish.
Um Enn den däitsche Kultkicker Mario Basler - hie gëtt 56 Joer al.