
© Pixabay
... 30 Joer ginn Deeler vun der Alstad vun der Stad Lëtzebuerg op d'UNESCOs-Lëscht vun de Weltkulturierwen agedroen. Déi al Quartieren an d'Befestegungen zielen zu den zwanzeg bedeitendsten historesche Stied op der Welt.
1946 stierze franséisch Truppen di vietnamesesch Regierung vum Präsident Ho Chi Min. Deenen hir Zaldote gi no enger Attack op di franséisch Garnisoun zu Hanoi an den Ënnergrond a fänken domat den als Indochinakrich geféierte Kampf géint d'Friemherrschaft un.
1973 mécht den amerikaneschen Entertainer Johnny Carson a senger "Tonight Show" de Geck, den Toilettëpabeier géife rationéiert ginn. An der Suite kënnt et weltwäit zu paneschen Hamsterkeef. Eppes dat knapp 50 Joer méi spéit ee gewësse Virus och auszeléise weess.
1978 kënnt et am franséischen Département Meurthe-et-Moselle zu enger Pann un enger wichteger Héichspannungsleitung. Wärend 4 Stonne fält doduerch a wäiten Deeler vum Land de Stroum aus. Gerüchter, dass di Pann duerch eng Protestaktioun vun enger Feministin ausgeléist gouf, konnte ni confirméiert ginn.

© Pixabay
1984 ënnerschreiwe Groussbritannien a China, dass Hongkong vum 1.Juli 1997 un erëm ënner chineesesch Verwaltung fält. Ënnert dem Motto "E Land, zwee Systemer" sécheren d'Chinesen zou, dass Hongkong weider 50 Joer säi liberal kapitalistesche Wirtschaftssystem behalen dierf.
1998 stëmmt dat amerikanescht Representantenhaus fir eng "Impeachment"-Prozedur géint de Präsident Bill Clinton, wéinst senger Affär mam Monika Lewinsky. De Clinton ka sech awer erfollegräich wieren.
2011 geet de schwedeschen Autoskonstrukteur Saab an d'Faillite. D'Joer drop keeft eng nei Entreprise di opgeléiste Firma, baut och nach eng Kéier Autoen, éiert et 2014 awer ganz eriwwer ass. Am Ganze goufen a 64 Joer knapp 5 Millioune Saab gebaut.
2016 ass et eng Terrorattack op e Chrëschtmaart zu Berlin, wéi een Attentäter mat engem Camion an d'Leit rennt. 13 Persoune stierwen, den Täter gëtt 4 Deeg méi spéit bei enger Kontroll an Italien erschoss.
1915 gëtt zu Paräis d'Édith Gassion gebuer. Als Édith Piaf sollt si eng weltberüümt Sängerin ginn, där hir Lidder haut nach gespillt a gesonge ginn. Opgrond vu gesondheetleche Problemer stierft si scho mat 47 Joer.
Viru 90 Joer kënnt den Hollänner Rudolph Kesselaar op d'Welt. De Showmaster, Sänger, Produzent an Acteur Rudi Carrell.
58 Joer al gëtt de fréieren italienesche Skistar Alberto Tomba. "Tomba la Bomba" gewënnt a senger Karriär 3x Olympiagold, 2 Weltmeeschtertitelen an eng Kéier de Gesamtweltcup.