
© Pixabay
... 35 Joer gëtt Portugal no ronn 450 Joer Herrschaft seng Kolonie Macao u China zréck. Well do d'Glécksspill legal ass, gëtt Macao dacks als Las Vegas oder Monte Carlo vum Oste bezeechent.
Dierfe mir eng Sangria proposéieren? Well haut feieren d'Amerikaner den Dag vun der Sangria. Firwat dat spuenescht Mëschgedrénks do säin eegenen Dag huet, konnte mir allerdéngs net erausfannen.

© Pixabay
Ze feieren hu se och eppes bei "Médecins sans Frontières". Di humanitär Organisatioun gëtt 1971 gegrënnt a leescht zanterhier wäertvoll Nouthëllef a Krisen- a Krichsgebidder.
Nach eng Feierlechkeet - eng faarweg - 1975 gëtt den Tëleesprogramm vun TF1 faarweg. Dofir gëtt um Eiffeltuerm extra e Freedefeier ofgeschoss fir datt dee neie faarwege Programm extra gutt wierkt.
1989 ass et bei der Invasioun vu Panama di gréissten amerikanesch Loftlandeoperatioun zanter dem Zweete Weltkrich. Den Diktator Manuel Noriega soll festgeholl ginn. Dëse flücht an di vatikanesch Ambassade, a gëtt do no 10 Deeg laange Verhandlungen op.
Haut virun 30 Joer geheit den Ivan Lendl säin Tennisschléier bei d'Tromm. De gebiertegen Tschech ass 270 Woche laang Nummer 1 op der Weltranglëscht a gewënnt 8 Grand Slam-Titelen. Just zu Wimbledon sollt de Lendl, deen ëmmer Seemiel an der Täsch hat, ni gewannen.
De brittesche Museker Alan Parsons gëtt 76 Joer al. Hien ass de Matbegrënner vum faméisen "Alan Parsons Project".
68. Gebuertsdag fir di amerikanesch Sängerin Anita Ward. Mat hirem Discohit "Ring my Bell" geléngt hir 1979 de klassesche One-Hit-Wonder.
Ee vun den deiersten an och ee vun den aktuell beschte Futtballspiller ass de Kylian Mbappé. De Fransous gëtt haut 26 Joer al.
1973 geet den amerikanesche Museker an Entertainer Bobby Darin vun eis.