
© Raphaël Betti
De Raphaël Betti huet mam BAC seng eege Cocktailbar am Pafendall. Pünktlech fir déi kal Joreszäit verréit de Bartender eis seng beschte Wantercocktails, déi dir ganz einfach doheem nomaache kënnt!
Den Numm "Old Fashioned" steet fir e Genre vu Cocktail, deen üblecherweis mat Whiskey, e bëssen Zocker an Angostura Bitters gemaach gëtt. Angostura Bitter ass eng Mëschung aus verschiddene Gewürzer: Kanéil, Anäis an Neelcheskäpp. Virun allem am Wanter ass dee Cocktail beléift, well e staark, intensiv a voller Kierper ass. Et kann ee säin Old Fashioned awer och e bëssen twisten. Zum Beispill kann een e Rumm Old Fashioned maachen oder en anerer brongen Alkohol huelen. De Raphaël Betti presentéiert eis säi perséinleche Favoritt, de Calvados Old Fashioned.
Calvados Old Fashioned
3 cl Calvados
3 cl Whiskey
1 cl Zockersirop
2 Drëpsen Peychaud bitters
Alleguer d'Ingredienten mat Äis verréieren, an engem Rocks Glas iwwer frëschem Äis zerwéieren a mat Orangëschuel garnéieren.