Mir hate jo no hallwer 9 Thema Camping a Caravanne fir Leit mat engem Handicap ugeschnidden. Mir si gewuer ginn, dass dat nach an de Kannerschong stécht, mee lues a lues awer Beweegung ze vermellen ass. Eng Lëtzebuerger Famill huet sech och dofir interesséiert, an de Christian Schmit huet déi begéint fir gewuer ze ginn wou hire Projet drun ass?

30/12/2024 Camping a Caravanne mat Handikap 2. Deel (MAT USO)

D'Virfreed ass scho grouss am Haus Faber zu Réiden un der Atert, a grouss a kleng freet sech wann et deemnächst op d’Rees geet. Firwat huet e sech heifir decidéiert, Philippe Faber?

Ech sëtzen am Rollstull, dat heescht dann ass et schonn net einfach fir en Zëmmer ze fannen wat rollstullgerecht ass. A well mir och nach 3 Meedercher hunn, esou e grousst Zëmmer kriss du net iwwerall ze reservéieren. An du hu mir eis geduecht, vu dass mir jo ëmmer als Kand um Camping waren meng Fra an ech, an dat huet eis ëmmer ganz gutt gefall. Do duechte mir mir géifen de Projet Roulotte nach eng Kéier beschwätze fir och gewuer ze ginn ob et méiglech ass d'Roulotte ëmzebauen.

Um leschte Caravan-Salon zu Düsseldorf hate si um Stand vun der „Caravan Industrie Däitschland“ Maunela Brecht begéint, déi sech mat hirer Firma op Camping a Caravanne fir Leit mat Behënnerung ugeholl.

Brecht Caravaning ass jo zu zu Heilbronn doheem. Muss de Client sech dohin deplacéieren?

Eigentlich tatsächlich gar nicht. Wir haben bereits schon einige Grundrisse an Wohnwagen in unserem Portfolio wo sie sich sagen in die Richtung könnten sie es sich vorstellen und die Wünsche mitteilen. Trotzdem haben wir schon gerne wenn der Kunde selber mal mit dem Rollstuhl in den Wohnwagen hinein fährt. Schauen wie wendig sie sind und einschätzen können was geht. Wir haben einige Modelle auf Lager hierfür.

Trotzdeem bleift e permanent a Kontakt a gëtt mat agebonne bis zur Ausliwwerung.

Dann begleiten wir diesen Prozess in der Werkstatt per Video. Hallo lieber Kunde hier wäre jetzt dein Wohnwagen. Die Türe ist schon drin, Betten werden jetzt so uns so bestellt werden, wo liegen noch Herausforderungen, so dass er mit entscheiden kann in diesem Prozess mit eingebunden ist.

Et war keng einfach Decisioun, wëll den Invest an di Camping / Caravanne Story ass schonn héich, wëll?

Ma di Caravanne huet schonn e gewëssene Budget. Di wäert elo mat der Modifikatioun 56 000 Euro kaschten. Domat leider net genuch, wëll mir hunn och nach e neien Auto misste kafen, well deen dee mir am Moment hunn ass net staark genuch fir d'Roulotte ze zéien.  Mee ech mengen herno mat deene schéine Momenter wäert dat séier vergiess sinn.

Dobäi kënnt dann och nach de passende Fürerschäin, deen e muss maache fir dierfe mat Auto a Roulotte ze fueren.

RTL