
Camping, Camper a Caravanne, esou weisen Zuelen a Visiteuren op rezente Foiren, erfreeë sech grousser Beléiftheet. Mä wéi gesäit dat aus fir Leit mat engem Handikap? Ass dat en Thema, an ass dat iwwerhapt méiglech? De Christian Schmit ass där Saach emol nogangen.
An dat um Caravan Salon zu Düsseldorf. Um Stand vun der „Deutschen Caravaning Industrie“ léieren ech d’Manuela Brecht kennen. Hier Firma huet sech zënter 4 Joer op Ëmbaute fir Caravannen an neierdéngs och Camper spezialiséiert. Eng Häerzensugeleenheet verréit si mir, a schonn 20 Stéck si réaliséiert ginn. Vun enger klenger vun 4,60 bis zu 7m30 Duebelachser ass do villes méiglech.
Wou leien d‘Erausfuerderungen?
So ein Wohnwagen hat ja auch eine gewisse Statik. Wir können da nicht hergehen und alle Möbel rausholen, und sie dann in unserer Wunschkonfiguration wie wir uns das vorstellen und dann wieder anders einbauen. Dann geht die Stabilität verloren.
Und die Fahrzeuge müssen ja auch noch bewegt über Schlaglöcher gefahren werden. Müssen schlechte Strassen aushalten ohne dass da jetzt Risse entstehen. Nicht dass da plötzlich was undicht wird. Wir müssen da ganz genau wissen was wir tun, was wir abändern und was wir so lassen müssen.
An da gëtt et méi spezifesch. Wëll déi Persoun mat Handikap just a seng Roulotte oder Camper erakommen, oder sech och an all Raum beweegen. An et muss gläich um Ufank definéiert ginn, mat wéi vill Persounen et op d’Rees soll goen. Mat engem graffe Grondrëss geet et lass. Individualiséirung ass Tromp. An da komme mir op eis Lëtzebuerger Famill ze schwëtzen. D’Famill Faber vu Réiden un der Atert. De Mann ass op e Rollstull ugewisen.
Da geht es auch wieder darum sie brauchen für zwei, jetzt bald für drei Kinder die Schlafplätze. Das hat man schon im Fokus.
Auf der anderen Seite ist es aber auch erforderlich dass der Rollstuhl im Fahrzeug gut bewegt werden kann. Wir müssen jetzt zusammen den richtigen Grundriss finden, und schauen wie wir das individuell anpassen.
Wéi laang dauert eigentlech esou en Ëmbau?
Zum einen kommt die Lieferzeit vom Fahrzeug. Manchmal hat man Modelle, die sind sofort verfügbar und dann nimmt man ja gleich den entsprechenden Grundriss und man kann gleich anpassen. Dann Möchte ich mal sagen sind wir bei einem Zeitfenster von ungefähr 5 bis 6 Wochen. Wenn die Türe noch bestellt werden muss, da können noch mal 2 Monate dazu kommen. Das heisst in 3 bis 4 Monaten wäre man stolzer Besitzer von einem rollstuhlgerechten Wohnwagen oder Reisemobil.

Mir haten Ugangs héieren, d’Firma Brecht ass zu Heilbronn doheem, muss de Client sech dohinner deplacéieren? Käschtepunkt, a wéini d’Famill Faber di éischte Kéier mat hirer neier Caravanne an d’Vakanz ka fueren. Alles dat dann an der nächster Stonn an engem zweete Reportage.