... 111 Joer ass an enger New Yorker Zeitung dat éischte Kräizwuerträtsel vun der Welt ofgedréckt. Et baséiert op engem Spill, dat den zoustännege Redakter an Erfinder vum Rätsel nach aus senger Kandheet kennt.

21/12/2024 Haut virun...

Haut ass dee kierzten Dag vum Joer - respektiv deen op deem et am mannste laang hell ass. Grad mol 8 Stonne sinn et haut tëscht Sonnenopgank an -ënnergank. Logescherweis ass di nächste Nuecht dann och di längste mat 15 Stonnen a 39 Minutten. Vläicht kënnt Dir do jo de Weltdag vum Orgasmus begoen - deen ass och haut - oder Dir maacht awer e Rätsel.

RTL

© Pixabay

Och fir Erwuessener ass 1937 deen éischte grousse Kinosfilm vum Walt Disney. "Schneewittchen und die 7 Zwerge" feiert an den USA Weltpremière.

Nach eng Uropféierung - 1955 gëtt zu Wien deen éischte "Sissi" Film presentéiert. An den Haaptrollen d'Romy Schneider an de Karlheinz Böhm. 2 weider Filmer sollten an de Joren duerno nokommen.

1988 fält iwwert der schottescher Uertschaft Lockerbie en amerikaneschen Jumbojet erof. 270 Mënsche kommen dobäi ëm d'Liewen. Jore méi spéit iwwerhëlt Libyen d'Responsabilitéit fir d'Bomm u Bord, an huet zanterhier knapp 3 Milliarden Dollar un di Hannerbliwwe bezuelt.

Viru 19 Joer ginn a Groussbritannien gläichgeschlechtlech Bestietnisser erlaabt. Ënnert den éischte Koppelen, déi sou eng agedroe Partnerschaft aginn, sinn den Elton John a säi Mann David Furnish.

14.6 Milliarden Dollar hunn di 76 Filmer an d'Kinoskeese gespullt, an deenen de Samuel L. Jackson matgespillt huet. Weltrekord. Den amerikaneschen Acteur krit haut 76 Joer. Den "L" steet iwwregens fir Leroy.

18 Grand Slam Titele gewonnen, 260 Woche laang Nummer 1 op der Weltranglëscht, a lëtzebuergesch Virfaren - d'Amerikanerin Chris Evert feiert hire 70. Gebuertsdag.

62 Joer al gëtt de lëtzebuergesche Kraaftmënsch Georges Christen. Hien huet 23 Weltrekorder fir d'Guinnessbuch opgestallt. Haut awer w.e.g net de Kuch verbéien oder zerräissen.

Genee e Joer no der Ardennenoffensiv stierft 1945 den amerikanesche Generol George S. Patton un de Suitte vun engem Autosaccident an Däitschland. Op säi Wonsch hin ass de Patton zu Hamm um Militärkierfecht begruewe mat engem Deel vu sengen Zaldoten.

Kuerz no sengem 80. Gebuertsdag brécht den Udo Jürgens haut virun 10 Joer beim Spadséiere goen zesummen a stierft un Häerzversoen.