
© Pixabay
... 45 Joer start zu Kourou an der franséischer Guyane di éischt Ariane-Rakéit. Si ass 47m héich, a kann ee groussen oder zwee 2 kleng Satellitten an de Weltall transportéieren.
1818 gëtt am éisträicheschen Oberndorf bei Salzburg fir di éischte Kéier d'Lidd "Stille Nacht, heilige Nacht" gespillt. Den Duerfpaschtouer huet den Text geschriwwen, den Organist d'Melodie dozou. Entretemps ass d'Lidd an 320 Sproochen an Dialekter iwwersat ginn, a gehéiert zanter 23 Joer zum immaterielle Kulturierwe vun der UNESCO.
Eng weider Uropféierung ass et 1871 zu Kairo, wéi do op Hellegowend dem Guiseppe Verdi seng Oper "Aida" fir di éischte Kéier opgefouert gëtt. De Verdi wëllt ugangs net dru goen, léist sech awer vum Geld iwwerzeegen, a vum Wénk dass de Projet soss u säi Konkurrent Richard Wagner kéint goen. Et ass di deemools deierste Kompositioun, fir déi souguer extra Trompette gebaut ginn.
Ronn 100.000 Zaldoten op béide Säite leeë 1914 wärend dem Éischte Weltkrich eng net autoriséiert Wafferou an. Si verbriddere sech, bieden a feieren zesumme Chrëschtdag. Plazeweis hält dee sougenannte "Chrëschtdagsfridden" bis Neijoerschdag. An de Joren duerno gëtt sou e Waffestëllstand vun uewen erof verbueden.

© Wikipedia
Mat der Missioun "Apollo 8" erreeche 1968 di éischt 3 amerikanesch Astronauten Mound. Wärend si 10x ronderëm den Himmelskierper kreesen, funke si aus dem Moundorbit d'Schëpfungsgeschicht op d'Äerd. Si sinn di éischt, déi di hënnescht Säit vum Mound gesinn, a si erliewen och als éischt en Äerdopgang, dee se an enger weltbekannter Foto festhalen.
1905 gebuer gëtt den Howard Hughes, amerikaneschen Entrepreneur, Loftfaartpionéier an exzentresche Filmproduzent.
1922 kënnt déi Fra op d'Welt déi zwar puermol mam Hughes ausgeet, duerno awer léiwer e kuerzt an turbulent Bestietnis féiert mam Frank Sinatra - d'Actrice Ava Gardner.
53. Gebuertsdag fir de puerto-ricanesche Pop-Sänger Ricky Martin.