
© Pixabay
... 35 Joer kann ee rëm ganz normal duerch d'Brandenburger Tor trëppelen. 28 Joer nom Bau vun der Berliner Mauer geet d'Wouerzeeche vun der gedeelter Stad nees op.
Vun haut u ginn d'Deeg rëm méi laang. Zwar nach net vill, mee ëmmerhin. Gedold. Dat nächst Fréijoer kënnt bestëmmt.

© Pixabay
1922 trëtt di Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun a Kraaft. Lëtzebuerger a Belsche Frang dierfen hei parallel zirkuléieren, an di Unioun ass eng Aart Benelux-Virleefer.

© Pixabay
1965 feiert de Film "Doktor Schiwago" Weltpremière zu New York. An der Haaptroll den Omar Sharif - de Film gëtt mat 5 Oscaren ausgezeechent - op d'mannst sou bekannt wéi de Film aus di heite Melodie doraus:
Wärend der rumänescher Revolutioun gi 1989 den Diktator Nicolae Ceaușescu a seng Fra vun der Arméi verhaft, wéi se sech aus dem Stëbs wëlle maachen. 3 Deeg drop gi se erschoss.

© Pixabay
2001 kënnt op enger texanescher Universitéit eng Kaz op d'Welt. Se gëtt CC genannt. "Copy Cat", well et di alleréischte gekloonte Kaz ass. CC ass den eenzege vu 87 geklonten Embryoen, deen iwwerlieft. CC huet zwar di selwecht Faarf wéi hir Gen-Spenderin, awer trotzdeem en anert Muster am Pelz - di geklonte Kaz sollt 19 Joer al ginn.
1949 kommen de Maurice an de Robin Gibb op d'Welt. Zesumme mat hirem aner Brudder Barry gi se zu de weltberüümte Bee Gees.
Haut virun 10 Joer stierft den Joe Cocker.
A wann Dir di zweetlängste Nuecht vum Joer mol eng Kéier anescht verbrénge wëllt, da kuckt an den Himmel - de Maximum vum leschte Meteoritteschauer vum Joer, vun den Ursiden, gëtt des Nuecht erwaart.

© Pixabay