... 38 Joer geléngt den éischte Vol ronderëm d'Welt ouni Tëschelandung an Optanken. No 9 Deeg landen di 2 Piloten hire speziell dofir konstruéierte Fliger an enger kalifornescher Wüst.

23/12/2024 Haut virun...

Ënnert ongekläerten Ëmstänn blesséiert sech de Moler Vincent van Gogh 1888 u sengem rietsen Ouer. En Deel dovun iwwerreecht den Hollänner spéider senger Liblingsprostituéierter, mam Optrag gutt drop opzepassen. Des geet doropshin an d'Getten a gëtt dat ofgeschniddent Ouer duerno weider un en Dokter. E schéine Chrëschtdagskaddo.

1936 gëtt zu Buenos Aires an Argentinien de multilateralen Accord ënnerschriwwen, fir eng Strooss ze bauen, déi iwwert de ganzen amerikanesche Kontinent verleeft. Vun Alaska am Norden bis Feierland am Süden reecht di sougenannte "Panamericana", déi haut an hirer längster Verbindung knapp 26.000km laang ass, a just op engem Deelstéck vu 90km tëscht Kolumbien a Panama ënnerbrach ass.

1975 trëtt dem US-Präsident Gerald Ford säi Gesetz a Kraaft, dat d'Benotze vum metresche System verstäerke soll. Di meeschten amerikanesch Entreprisen a Bierger wëllen awer net dobäi matmaachen. Eng speziell dofir ageriichte Kommissioun gëtt no 4 Joer aus Käschtegrënn rëm opgeléist.

1918 kënnt den Helmut Schmidt op d'Welt. Nieft Finanz- a Verdeedegungsminister ass hien 8 Joer laang däitsche Bundeskanzler, a gëtt 96 Joer al.

Zu Heidelberg gëtt 1943 d'Silvia Sommerlath gebuer. Si huet di däitsch, di brasilianesch an di schweedesch Nationalitéit, a bestit 1976 de Kinnek vu Schweden Carl Gustaf.

Ronne 60. Gebuertsdag fir de Frontmann vun der Rockband Pearl Jam Eddie Vedder.

1967 gebuer gëtt d'Carla Bruni. Italofranséisch Musekerin, Model a Fra vum fréiere franséische Präsident Nicolas Sarkozy.