
© Pixabay
... 90 Joer gëtt de Staatsprisong an der Bucht vu San Francisco a Betrib geholl. Op der Insel Alcatraz ginn an engem ëmgebaute Fort di ganz schwiereg Prisonéier inhaftéiert, dorënner den Al Capone an de Machine Gun Kelly.
Fänke mir dat neit Joer mat enger belscher Manéier un? Zu Léck ass et anscheinend Brauch, Choucroute z'iessen wärend eng Mënz ënnert dem Teller läit. Dat soll Gléck a Räichtum bréngen. Déi Leit, déi a Brasilien beim Mier wunnen, sprangen dofir iwwer 7 Wellen. An Italien an a Mexiko solle Singele Gléck an der Léift hu wa se rout Ënnerwäsch undinn. Da mol lass.

© Pixabay
1892 gëtt am Hafen vu New York d'Autoritéit fir Awanderer ageriicht. Op Ellis Island ass dat wärend méi wéi 30 Joer di zentral Sammelplaz fir Immigranten. Ronn 12 Millioune Leit sinn do passéiert, dorënner och vill Lëtzebuerger.
De kubaneschen Diktator Fulgencio Batista flücht 1959 an d'Dominikanesch Republik virum Fidel Castro senger Rebellenarméi. De Castro iwwerhëlt wéineg méi spéit fir di nächste knapp 50 Joer d'Muecht op Kuba.
1962 sinn d'Beatles nach net schrecklech bekannt. Bei der Plackefirma Decca maache se Opnamen, kréien awer kee Kontrakt, mat der Begrënnung dass Gittaregruppe net méi modern wieren. 3 Méint méi spéit ënnerschreiwe se beim Konkurrenz-Label Parlophone. De Rescht ass Geschicht.
1984 geet an Däitschland deen éischte privaten Tëleessender op Antenn. Aus deem Sender PKS gëtt e Joer méi spéit SAT.1.
1995 gëtt d'Stad Lëtzebuerg zur Europäescher Stad vun der Kultur. 2007 fält eis déi Éier, zesumme mat der Saar-Lor-Lux Regioun, eng weider Kéier zou.
Fir d'Joer 2000 gëtt, zum Mëssfale vu villen Awunner, a Groussbritannien den empiresche Moosssystem duerch dee metreschen ersat. Just d'Mëllech an de Béier gi weider an der Moosseenheet "Pint" verkaaft.
2002 ginn an den 12 Länner vun der Eurozon di nei Euro-Mënzen a -Billjeeën an Ëmlaf bruecht.

© Euro
Hei zu Lëtzebuerg ass et 2015 zu Déifferdeng dat éischt offiziell Bestietnes vun enger homosexueller Koppel. Mat der Reform vum Gesetz gëtt och eng obligatoresch Visitt beim Dokter ofgeschaaft, an de Mindestalter vun der Fra fir sech ze bestuede vu 16 op 18 Joer eropgesat.

© Pixabay
An duebel feieren di se Neijoerschdag haut an der Slowakei, am Sudan, op Haiti a Kuba, well do ass haut jeeweils Nationalfeierdag.

© Pixabay