Dat neit Joer steet virun der Dier a mat him déi léif gutt Virsätz. Méi Sport maachen, ophale mat fëmmen oder awer och d'Gewiicht reduzéieren, dat si sou déi typesch Saachen déi ee sech nawell gäre virhëlt. Ma wéi wier et da mol wann ee sech géing méi kleng Ziler setzen déi een dann awer och anhält? Wéi zum Beispill besser op seng Zänn oppassen a se méi ze fleegen.

30/12/2024 Wéi botzen ech meng Zänn richteg

Mir wéilten am léifsten all schéin, wäiss an och gesond Zänn. An dofir sinn och vill Leit prett fir e bëssen eppes ze investéieren. Ma vum selwe bleiwen eis Zänn awer net propper, dofir ass et wichteg se reegelméisseg ze botzen. Tom Mailliet, Zänndokter:

"Ech géing soen den absolut strikte Minimum ass Owes éier ee schlofe geet, dat ass dat Wichtegst. Soss géing een idealerweis 3 mol den Dag botze fir dass ee sécher ass, dass een och alles erwëscht huet well et kann ee jo net dovunner ausgoen, dass een 3 mol den Dag absolut perfekt seng Zänn wäscht. Dowéinst ass et einfach just d'Repetitioun vun der Saach déi soll maachen, dass et da besser verdeelt ass. Moies an Owes ass am Wichtegsten a wann ee wierklech net anescht kann an dat ass oft dee Schwéiersten, ass wierklech Owes éier ee schlofe geet, dat ass deen Allerwichtegsten, dass ee se do propper mécht."

Da sollt een awer och wësse wéi ee seng Zänn richteg botzt:

"Grondsätzlech gëllt eng mëll Zännbiischt ze benotzen, medium oder haart ass méi Marketing. Eng mëll Zännbiischt an evitéieren horizontal fest ze drécken an ze schruppen, dass een ëmmer déi selwecht Beweegung mécht oder sou well dat effektiv op Dauer da Verschläiss mécht op den Zänn well ee systematesch vun Dag zu Dag ëmmer dat selwecht mécht. Dat heescht probéieren ze dréien, sief et just sou eng Rotatioun ze maache vum Zännfleesch zum Zant zou oder d'Zännbiischt um Zännfleesch unzewénkelen an no ënnen ze goen."

Esou eng Zännbiischt soll dann och reegelméisseg gewiesselt ginn:

"Wann d'Buuschte bis op der Säit ufänken eriwwer ze kucken an net méi riicht stinn, also sou wéi se ware wéi d'Zännbiischt nei war, da kann ee sou lues mam Gedanke spille fir se ze ersetzen. Dat ass sou eng gëlle Reegel. Ech schwätzen elo vu manuellen Zännbiischten. Et misst ee se eigentlech wesentlech méi oft ersetze wéi d'Leit dat maachen."

De Grond dofir ass, dass sech mat der Zäit Bakterien an der Zännbiischt usammelen.

"Dowéinst soll een och generell sou Bio-Zännbiischten aus Holz oder aus natierleche Faseren sou wäit wéi méiglech evitéiere well dat Holz saugt sech da voll mat Bakterien, dat kritt Dir net desinfizéiert, do ass mol eng Kéier de Plastik besser."

D'Zännbiischt eleng geet awer net duer fir seng Salle à manger op Dauer propper a gesond ze halen:

"D'Zännbiischt kann net an déi Punkte goe wou d'Zänn widderenee komme well se physesch widderenee gedréckt sinn, do kommen d'Buuschte vun der Zännbiischt net dotëscht. Zännseid hëlleft d'Zänn eng Kéier ausenaner ze drécken an dee Sputt tëscht den Zänn wou se widderenee kommen, propper ze maache wou, géing ech soen, quasi 60-70 % vun de Karies ufänken. Wann een dat schonn nëmmen 2 bis 3 mol d'Woch mécht, ass dat scho mol e gudden Ufank. Et muss net onbedéngt all Dag sinn."

Nieft der Zännseid fënnt een am Handel och sou Biischtercher, déi brauch awer nach laang net fir jiddereen:

"Eng kleng Biischt ass geduecht fir de Sputt tëscht den Zänn ënnert dem Kontaktpunkt, dat heescht wou d'Zänn virdrun an hannendru widderenee kommen, fir do eng Kéier duerch ze fueren. Eng Biischtchen dréckt d'Zänn net ausenaner, déi dréckt a Richtung Zännfleesch, dat heescht déi mécht dee Sputt propper. Déi kleng Biischt huet en Interêt bei Leit wou d'Zännfleesch deen Tëscheraum vun den Zänn net méi fëllt a wou eben e bëssen op ass, fir dass een do de Knascht erauskritt. 

Wann een en normaalt, gesond Zännfleesch huet, brauch ee keng Biischtchen ze benotzen. Au contraire, well do dréckt een d'Zännfleesch aus dem Wee, dat huet es dann iergendwann genuch der all Dag op den Deckel ze kréien duerch déi Biischtchen an da wiisst et zréck an da maacht Dir de Sputt op. An da ginn et och nach Mond-Duschen déi awer, dem Zänndokter no, nëmmen a spezifesche Fäll wierklech vun Notze sinn:

"Déi Mond-Duschen dat hëlleft bei Leit déi ganz grouss Sputter hunn, déi Zännfleesch-Krankheeten hu wou d'Zännfleesch zréckgaangen ass, fir do d'Iessen eraus ze kréie wat dra sëtzt mee soss ass den Drock vun deenen Apparature generell net héich genuch fir dass et iergendeppes hëlleft. Also Bakterie maache se keng ewech, Iessensreschter kënnen awer méi einfach eraus komme mee normal Leit brauchen dat eigentlech net."

Ma och wann een all Dag no sengen Zänn kuckt an déi an der Rei hält, sollt ee wéinstens eemol am Joer bei den Zänndokter an d'Kontroll goen an och den Zännsteen reegelméisseg ewech maache loossen.