
© Michel Kuffer
Zanter 2011 gëtt et de Projet "E Stopp fir de Mupp". Vill Leit hu jo sécherlech well vun dëser Initiative matkritt bei där et drëms geet Plastikstëpp ze sammele fir en Assistenzhond auszebilden. Ma leider ass et haut esou, dass vill manner där Stëpp gesammelt gi wéi nach virun e puer Joer.
De Prinzip ass ganz einfach: Déi vun de Leit gesammelt Stëpp mussen net méi vun de Plastiksfläsche getrennt ginn an esou spuert d'Valorlux Käschten. Déi Sue kommen dann, pro gesammelt Tonn, der Amicale vun der Schoul fir Assistenzhënn, kuerz ASA, ze gutt déi di da fir d'Finanzement vu Assistenzhënn benotzt. Zanter 2019 mierkt een awer leider, wéi gesot, e Réckgang u gesammelte Stëpp. Luc Schwartz, President vun der ASA Asbl:
"Mir hu wierklech gemierkt, dass mir zanter 2019 mëttlerweil 2 bis 3 Joer brauche bis mer genuch Tonnen zesumme kréie fir en Assistenzhond ze finanzéiere wou mer virdrun een Assistenzhond pro Joer iwwert de Wee vun de Stëpp konnte finanzéieren."
68 Tonne Stëpp braucht ee fir een Assistenzhond am Wäert vu 17000 Euro ze finanzéieren. 1 Tonn entsprécht ongeféier 500000 där Stëpp, dat heescht et brauch een der eng helle Wull fir ee Mupp. Nieft de Plastikstëpp kann een zanter Januar dëst Joer dann och Korkstëpp sammelen:
"Och fir déi Korkstëpp déi do ofgi ginn, huet d'Valorlux sech bereet erkläert eis dann och do 300 Euro d'Tonn ze iwwerweise fir eben e bëssen dat ze kompenséiere wat mer duerch d'Plastikstëpp am Fong geholl zanter Corona manner erakréien."
Mat deene Stëpp gi wéi gesot Assistenzhënn a Frankräich oder awer och an Däitschland ausgebilt fir esou a verschiddenen Domainer aktiv kënnen ze schaffen:
"Mir hu sougenannte "chiens d'assistance de soutien émotionnel", déi hëllefe Mënsche mat emotionale Problemer hiren Alldag besser ze meeschteren. Mir finanzéieren awer och sougenannte "chiens d'assistance d'éveil", déi ënnerstëtzen zum Beispill Mënschen aus dem Autismus Spektrum oder awer och Mënschen déi eng Beanträchtegung hu fir den Alldag méi einfach ze gestalten an och do eng Hëllef ze sinn."
Donieft ginn awer och ganz vill Hënn ausgebilt fir zum Beispill Leit aus dem soziale Secteur an hirer Aarbecht ze begleeden. A fir dat Ganzt ze ënnerstëtzen an och kënnen auszebauen, sidd Dir elo gefrot. Grad elo ëm d'Feierdeeg misste jo nees genuch Fläschen opgemaach ginn.
Weider Informatioune sou wéi d'Lëscht mat sämtleche Sammelplazen hei am Land fannt Dir op
.