Fréier ware Chrëschtbeemercher meeschtens en Offallproduit am Bësch, haut komme se awer gréisstendeels aus enger intensiver Produktioun déi sou wuel fir d'Ëmwelt wéi awer och fir d'Gesondheet net immens ass. Ma et geet och anescht. Wéi? Dat gesi mir elo direkt.

02/12/2024 En nohaltege Chrëschtbeemchen

Chrëschtdag ouni Chrëschtbeemchen ass effektiv fir vill Leit keng Optioun. Deemno gëtt sech dann all Joer, ëm dës Zäit, lues awer sécher op d'Sich nom ideale Bam gemaach deen déi nächst Woche soll fir déi passend Stëmmung doheem suergen. An do huet ee mëttlerweil nawell en zimmlech grousse Choix. Op éischter Plaz steet awer nach ëmmer de klassesche Beemchen deen ëmgehae gëtt. An do kann ee beim Kaf direkt op e puer Krittären oppassen. Lieke Mevis, Beroderin bei natur&ëmwelt:

"An éischter Linn soll ee kucken, dass ee wann et geet, en net behandelte Chrëschtbeemchen hëlt. Et gëtt der mat Bio-Zertifizéierunge mee et sinn och méi kleng, lokal Bamschoulen déi sech elo net onbedéngt den Zertifikat leeschte kënne mee déi trotzdeem ouni Pestizide schaffen. An eben och fir de "carbon foot print" niddreg ze halen, och e lokale Chrëschtbeemchen, also een hei aus der Géigend ze huele wann et geet."

Ëfters fënnt een awer och Chrëschtbeemercher am Dëppe respektiv mat der Mott. Dat sinn Dännen déi een dono theoretesch nach sollen e puer Joer halen, och wann dat an der Praxis leider dacks anescht ausgesäit:

"Do brauch ee sech och keng Illusiounen ze maache wa sou e Beemchen 2 bis 3 Wochen dobannen an der Stuff stoung am Wanter an et setzt een en dann erëm eraus, dat ass grousse Stress fir de Beemchen. Mee se kënnen awer nees ukomme mat Wuessen. Et kann ee se och zum Deel e puer Joer am Dëppen halen, mee wéi gesot, et ass net ideal fir de Beemchen."

Wëllt een et awer mol mat där Alternative probéieren, da sollt een op dat eent oder anert oppassen:

"Do ass eben dann och wichteg de Chrëschtbeemche gutt ze versuerge well soss huet een all d'Virdeeler déi een eventuell doduerch huet, dass een en am Dëppen huet a méi oft ka gebrauchen, verluer wann en da souwisou futti geet well een ëm kee Waasser gëtt oder well et dann ze vill op der Buedemheizung steet a vun ënne getoast gëtt."

Wann een e Chrëschtbeemche lount, ass dat quasi wéi wann een een am Dëppe keeft, mam Ënnerscheed, dass dësen herno nees zréck an d'Bamschoul geet an do nees ageplanzt gëtt. A wien elo mengt, ma da kafen ech mir einfach e kënschtleche Beemchen, da bréngen ech keen natierleche Bam ëm, dee sollt kucken, dass dësen aus Plastik besteet dee recycléiert ka ginn. Ma net nëmmen:

"Wann ee sech dofir entscheet, da soll ee sech wierklech och bewosst sinn, dass een en dee Moment einfach laang soll halen. Dat heescht deemno wéi eng Etüd ee liest, soe se sou tëscht 12 an 20 Joer bis dass sech de Plastik-Chrëschtbeemchen um nämmlechten Niveau befënnt wéi en natierleche Beemchen. Also et ass schonn e Laangzäit-Investissement."

A wa Chrëschtdag an Neijoerschdag da bis gelaf ass, da soll een de Beemchen och richteg entsuergen. Dat net am Bësch, et sief dann et ass säin Eegenen, an och net beim Noper am Gaart - ni vu ni connu - mee entweder e gëtt nach fir d'Buergbrenne gebraucht oder e geet op de Kompost. Alternativ kann een en awer och doheem an der Schminni verbrennen.