
© Pixabay
... 20 Joer léist e schwéiert Séibiewen un de Stränn vum indeschen Ozean eng Partie Tsunamien aus. Dat drëttstäerkste Biewen dat jeemools gemooss gouf, fuerdert ronn 250.000 Doudesaffer.
Haut ass Stiefesdag. De Numm kënnt vum hellege Stephanus, dem säi Martyrium op dësem Dag gefeiert gëtt, sou dass den Dag eigentlech näischt mat engem "zweete Chrëschtdag" ze dinn huet. Déi Traditioun kënnt warscheinlech dovun, datt d'Chrëschtdeeg bis zum 20. Joerhonnert iwwer zwielef Deeg gefeiert goufen.

© Pixabay
A Groussbritannien heescht de 26. Dezember "Boxing Day" (well d'Patronen hirem Personal fréier fir Chrëschtdag eng Këscht mat engem Kaddo geschenkt hunn). An Italien gëtt de "Santo Stefano" gefeiert, an Éisträich ass et de "Stefanitag".
1978 gëtt um Trocadero di éischt Rallye vu Paris op Dakar gestart. 182 Gefierer maachen sech op de Wee a Richtung Senegal. Vun 2009 bis 2019 gëtt de Rallye aus Sécherheetsgrënn a Südamerika verluecht an zanter 2020 gëtt en a Saudi-Arabien gefuer. Rekordgewënner ass de Fransous Stéphane Peterhansel mat 6 Victoiren um Moto an 8 éischte Plazen am Auto.
1995 huet en de Ballon d'Or gewonnen als beschte Futtballspiller vum Joer, 2017 gëtt de George Weah zum Präsident vu sengem Heemechtsland Liberia gewielt, bleift et fir di nächste 6 Joer a verléiert bei de Walen d'lescht Joer nëmme knapps.
Um 26. Dezember stierwen 3 bekannte Politiker, dorënner zwee amerikanesch Präsidenten. 1972 den Harry S. Truman an 2006 den Gerald Ford. D'lescht Joer verléisst eis mam Wolfgang Schäuble ee vun de groussen däitsche Politiker.
Haut viru 25 Joer stierft den amerikanesche Museker Curtis Mayfield.